Mir wollte kucke wéi gutt oder schlecht d'Leit hei zu Lëtzebuerg parken. Dofir hu mer eis op d'Lauer geluecht a verschiddener op frëscher Dot ertappt.

Lauschtert eran

Eigentlech verbréngt ee vill Zäit am Auto. Vun Doheem aus geet et op d'Schaff, op den Training, an de Restaurant oder op den Training. Quasi jidderee benotz fir esou Trajeten den Auto, wat hei zu Lëtzebuerg och ganz normal ass. Ma bei d'Autofuere gehéiert allerdéngs och d'Parken dozou an dat ass net ëmmer evident.

Mir wollte mol kucke wéi hei zu Lëtzebuerg geparkt gëtt an hunn eis op d'Lauer geluecht fir eng direkt Reaktioun anzefänken.