Spillt de mënschleche Gerochssënn bei der Unzéiungskraaft tëscht zwou Persounen wierklech eng Roll?

Sou ganz naiv kann een dës Fro mat jo beäntwerten. Ëmmerhi kéim wuel fir déi mannsten e Partner mat onangeneeme Kierpergeroch a Fro. Erkläert sech vum selwen, oder?

Hei ee klengen Ausfluch an d'Psychobiologie:

Mir hunn allerdéngs och Gerochshormoner am Schweess, déi wouer geholl ginn, ouni se direkt ze richen. Pheromoner si chemosensoresch Reizer, déi vun engem Liewewiese fräigesat ginn, a bei engem anere Reaktioune wéi Paarungsverhalen ausléisen. D'Jacobson Organ bei de Niewenhölen vun der Nues hëlt des dann ob, a leet de Reiz weider un d'Gehier, wou dat entspriechend Verhalen dann ausgeléist gëtt. Bei eis Mënsche wier d'Ausléisen d'Aufgab vum Hypothalamus. Dësen ass ënnert anerem fir sexuellt Empfannen, Entspanung an Euphorie verantwortlech. Do gëtt et just ee Problem: D'Jacobson Organ existéiert zwar och beim mënschlechen Embryo, gëtt am Laf vun de Joren allerdéngs massiv zréckgebilt a kann deementspriechend och kaum nach Reizer vu Pheromoner méi un d'Gehier weiderleeden. Evolutiounsbedéngt huet d'Organ seng Funktioun verluer, a gouf net méi fir d'Fortplanzung gebraucht.

Trotzdeem wëll een an diversen Etüden erausfonnt hunn, dass Pheromoner och duerch déi normal Richzellen an der Nues een Afloss op d'kierperlech Unzéiung kënnen hunn. Deemno bewäerten sech béid Geschlechter mat héiger Pheromonkonzentratioun op der Haut vum Géigeniwwer méi attraktiv. 
D'Warscheinlechkeet, dass eis déi normal Richzellen ausserhalb vum Organ bei eiser Partnerauswiel ënnerstëtzen ass also do,  wann och just geréng.

Ma wat sinn da sécher Indicen dofir, dass eis bestëmmte Persoune méi oder manner unzéien?

Och heifir gëtt et wuel keng allgemeng Reegel. An diversen Etüde gouf erausfonnt, dass Frae stolz, staark a witzeg Männer léiwer hunn wéi iwwerdriwwe glécklecher. Ëmgedréint wier et hei fir d'Männer. Si haten et gär, wa Frae gutt gelaunt waren an och emol iwwert hire Witz gelaacht hunn. Selbstbewosst a stolz Frae ware bei de Männer dogéint manner gutt ukomm. 
Weider gouf erausfonnt, dass et manner d'Géigesätz sinn déi sech unzéien, mee éischter gläich a gläich sech gär gesellt.

Och géife Fraen beim Eesprong generell méi dacks een Aen op maskulin wierkend Männer mat markante Gesiichter a vill Testosteron geheien. An dësem Kontext ass een dovun ausgaangen, dass gesond wierkend Kierpere méi attraktiv sinn, well se fir eng produktiv Fortplanzung suergen. Dowéinst wieren och méi weiblech Fraekierpere bei de Männer besser ukomm.

Weider Etüde beleeën, dass de Virnumm e wichtege Punkt bei der Unzéiung ka sinn, souwéi och de finanzielle Wuelstand, Charaktereegenschaften, d'Stëmm, d'Intelligenz, d'Sécherheet a souguer d'Jalousie. Dës gëtt dacks express provozéiert, well se d'Géigeniwwer onbewosst attraktiv wierke léisst. No risk, no fun, ma dovun ass trotzdeem éischter ofzeroden.

Natierlech kann een net alles verallgemengeren. Jiddereen huet seng eege Präferenzen, egal a wéineger Hisiicht. Ma wann dir Chance hutt, dann ass äre Partner net nëmme gerochsméisseg den absolutten Jackpot.

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky