Huet ee sech emol fir d'Enn vun enger Bezéihung entscheed, kënnt ee net méi lanscht e Gespréich.

Et ass eng Aufgab, déi eigentlech kee gär iwwerhuele wëll. Net ëmsoss ginn et sougenannten Trennungsagencen, bei deenen ee fir deiert Geld Trennungsnoriichte verschécke loosse kann - nee, esou Saache ginn et net just a Filmer.

E bësse méi Respekt kann een enger Persoun entgéintbréngen, wann ee perséinlech Schluss mécht. Dass een hei och kräfteg dernieft fache kann, dat beweisen déi nervegsten Trennungsspréch iwwerhaapt:

“Et läit net un dir, mee u mir” ass wuel dee Klassiker. Dobäi weess dee Géigeniwwer meeschtens ganz genee, dass en awer iergendwéi dozou bäigedroen huet.

“Ech muss mech selwer fannen” ass och kee groussen Trouscht, a beim Sproch “Looss eis Frënn bleiwen” ass et da meeschtens ganz eriwwer mat der Harmonie.

Et gëtt och nach déi Situatioun, an der sech d'Méi guer net réischt gemaach gëtt Schluss ze maachen. De Kontakt gëtt lues a lues am Sand verlafe gelooss, an déi aner Persoun versteet d'Welt net méi.

Wann de Moment komm ass, an dem een sech sécher ass, dass een an der Bezéiung net méi glécklech gëtt, kënnt ee meeschtens net méi laanscht  een Trennungsgespréich. Och wann et souwisou net flott wäert ginn, ginn et Methoden, fir d'Situatioun esou respektvoll wéi méiglech ze gestalten.

Esou kann een sech virbereeden:

- Ënnert 4 Ae schwätzen ass e wichtege Schratt. Natierlech lackelt de Smartphone, ëmmerhi verschaaft en Distanz. Ma enger Persoun, mat der een emol frou war, ass een e perséinlecht Gespréich einfach schëlleg. Esou gesäit, héiert, a spiert si och, dass et definitiv eriwwer ass. Domat kann si besser ofschléissen, wéi mat enger Textnoriicht.

- De richtegen Zäitpunkt gëtt et ni, ma et wier trotzdeem of ze roden, matten an dem anere sengem Prüfungsstress mat em Schluss ze maachen, oder wann dëse grad vun enger Party kënnt.

- Sech bei engem doheem vuneneen ze trenne kënnt dacks fir, ass awer net ëmmer eng gutt Iddi. Hei ass ee vun Emotiounen an Erënnerunge virbelaascht, an et ass een op enkstem Raum zesummen. Dann léiwer op eng aner neutral a roueg Plaz goen, wou am beschte kee matkritt, wann Tréine fléissen.

Och am Gespréich selwer ginn et Saachen, déi ee besser evitéiere soll:

- Wann de Partner ee versicht ze iwwerriede fir ze bleiwen, an dobäi häerzzerräissend kräischt, tendéiert ee gär mol dozou, eng Dier opzeloossen. Frënn bleiwen hëlleft an de meeschte Fäll näischt, an och eng Bezéiungspaus ass kee richtegen Trouscht. Et soll een am beschte konsequent hannert senger Decisioun stoen, an all Kontakt vermeiden, deen nees onnéideg Hoffnung maache kéint.

- Et ass net ongewéinlech, dass een ufänkt Sträit ze kréien, an sech géigesäiteg Virwërf mécht. Am beschte geet ee mat dësem Wëssen an d’Gespréich eran, a versicht, ganz roueg ze bleiwen. Dass déi aner Persoun ergraff ass, well se net mat der Trennung averstanen ass, ass ganz normal. Huelt et net perséinlech, hutt Verständnis, a loosst iech virun allem net provozéieren.

No all dëse Rotschléi bleift mir nëmmen nach ze soen: Opstoen, Kroun riichten a weider goen. Dir sidd net eleng, an d’Liewe geet weider.

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky