Sëlwer Kellecher, ee Spullsteen oder och een eegene Parfum? Dat alles an nach vill méi ass méiglech!

Wann ee sech een neien Auto keeft, dann ass engem natierlech wichteg, dass e gutt fiert a sécher ass. Mee een anere Punkt interesséiert de Keefer och ganz besonnesch: d'Optiounen an d'Gadgeten déi ee sech an den Auto kann abaue loossen. Doduerch kann ee sech den Auto esou zesummestellen, dass en deenen eegene Besoinen entsprécht. Mee do ginn et och Optiounen, bei deenen ee sech froen dierf: brauch een dat wierklech?

Mer fänken u bei enger Optioun déi et just a Japan gëtt. Bei eis leet een alt e puer Euro méi op den Dësch, wann een extra Bezich aus Lieder oder speziellt Holz am Auto wëll. Ma bei de Japaner ass do awer eppes ganz anescht vill méi beléift: Geheekeltes! De japaneschen Auto-Hiersteller Toyota, huet nämlech ee besonnesch luxuriésen Auto, deen och just a Japan ugebuede gëtt. Den Toyota Century. Wien extra vill Suen huet, dee kann sech dann geheekelt Decken a Schutzbezich fir den Auto kréien, déi e bëssen esou ausgesinn wéi wann een se de Bom aus der Stuff geklaut hätt.

En Auto soll natierlech och gutt richen. Mee wie brauch haut dann nach déi kleng Doftbeemecher? Wien wierklech eppes op sech hält, kann dat vill méi exklusiv maachen. Extra Doft-Spender sinn dofir entworf ginn. Dës sinn elektronesch gesteiert, a kënne mat individuelle Parfume gefëllt ginn. Déi Parfume ginn natierlech vun den Autoshiersteller selwer produzéiert a verkaf.

Fir d'Koffein-Junkies gëtt et dann och eng Hëllef. Amplaz am Auto ze setzen an ze verzweiwelen well de Koffein-Spigel nees drastesch fält am Stau, hunn d'Italiener sech zesumme geschloss. Extra fir de Fiat 500L Modell, huet déi italienesch Kaffi-Mark Lavazza eng Espresso-Statioun fir den Auto Entworf. Et gesäit aus wéi een Thermobecher a verwandelt de Kaffisaz a frëschen Espresso.

Dir braucht awer déi richteg Extravaganz, an drénkt net gären aus engem hondsgewéinleche Glas? Ma da fänkt un fir ee Maybach ze spueren. Do gëtt et nämlech eng Optioun bei der an der Armlehne op der Réckbänk Glieser verstaut ginn. Dës sinn aus massivem Sëlwer. Op d'Cola doraus och besser schmaacht ass awer net gewosst.