Eng Oxfam Etüd huet sech elo domat beschäftegt, wien am meeschten eis Ëmwelt belaascht. An do gëtt et ee kloert Resultat.

Et ass scho méi laang gewosst, dass mer Mënschen eis Ëmwelt mat eisem Liewensstil belaaschten. Ma eng Etüd déi vun der Hëllefsorganisatioun Oxfam elo publizéiert gouf, huet sech méi genee domat befaasst. Si wollte wëssen, ob verschidden Deeler vun eiser Bevëlkerung op der Äerd méi Schold um Klamme vun den CO2-Wäerter sinn wéi anerer.

Dofir goufen d'Joeren 1990 bis 2015 ënnersicht. Dës Zäitspann gëllt an der Klimapolitik als immens wichteg, well sech iwwert dës Period d'CO2 Wäerter weltwäit verduebelt hunn. Et gouf an der Etüd gekuckt wéi ee Prozentsaz vun der Populatioun fir wéi vill vun den CO2-Emissiounen Rechenschaft iwwerhuele misst. An et koum een zu engem dach eendeitege Resultat.

Lauschtert hei eran!

Dem Rapport vun Oxfam no wiere ronn 630 Millioune Leit op der Äerd responsabel gewiescht fir 52% vun den CO2-Ausstéiss, also méi wéi d'Hallschent. Dës 630 Millioune Leit entsprieche just 10% vun der gesamter Populatioun op eisem Planéit. A weider 63 Milliounen, also dee sougenannte "Räichste 1 Prozent" hu ganzer 15% dovu produzéiert. Am Ganze hunn dës zwou Bevëlkerungsschichten also d'Responsabilitéit fir 67% vun den erhéichten CO2 Wäerter. Iwwerdeems huet déi äermsten Hallschent vun der Weltbevëlkerung just 7% zu den héijen Emissiounen bäigedroen.

Oxfam huet de Rapport elo fir den Optakt vun der 75. Uno- Vollversammlung zu New York publizéiert, déi den Dënschden ugefaangen huet. A fuerdert, dass déi räich Bevëlkerung Responsabilitéiten iwwerhëlt a säin CO2-Verbrauch aschränkt. An donieft och méi an ëffentlech Infrastrukturen investéieren, wéi och d'Wirtschaft méi klimagerecht ëmbaue soll.