Mat enger ganz bestëmmt Funktioun gëtt ee gewuer ob grad déi eege Kamera oder de Mikro aktiv ass.

Lauschtert eran

Den neien iPhone steet an de Startlächer an dat heescht och ëmmer nei Software. Esou ass lescht Woch iOS 14 presentéiert ginn, déi een och säit dem Release kann installéieren.

Wann een den Update gemaach huet, mierkt een direkt, dass Verschiddenes changéiert huet an e puer Features dobäi komm sinn. Mat am interessantsten ass awer dee gréngen oder orange Punkt deen heiansdo iwwert dem Reseau-Zeechen ugewise gëtt. Wann zum Beispill dee gréngen ugewise gëtt, dann heescht dat, dass eng App grad op d'Kamera an de Mikro zougräift. Ass de Punkt elo orange da weess een, dass eng Applikatioun grad gebrauch vum Mikro mécht. Eng Funktioun déi duerchaus Sënn mécht fir e genauen Iwwerbléck ze hunn wéini wat genotzt gëtt.

Dat ass allerdéngs net dat eenzegt. Soss wann ee grad um Smartphone war an een ugeruff krut, ass de Bildschierm schwaarz ginn an et krut een den Uruffer ugewisen. Dat huet sech geännert. Kritt een elo ugeruff, gesäit een dee ganz kompakt uewen um Display.

Interessant ass och d'Bild am Bild-Funktioun. Wärend een elo an enger aner App ënnerwee ass, kann ee weiderhi Facetimen oder Videoe kucken.

Ma och fir d'Elektromobilitéit huet sech eppes geännert. Mam neien Update kann ee sech iwwert ''Karten'' kann ee sech op enger Streck alleguer d'Luedméiglechkeeten uweise loossen, fir esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech ze reesen.

Dat ass natierlech nach laang net alles. Et ass en Update dat een natierlech virwëtzeg op den iPhone12 mécht, dee Gerüchter no, am Oktober soll op de Marché kommen.