D'Spullmaschinn ass eng richteg Alldagshëllef. Ma si kann awer nach vill méi ewéi Kichegeschier a Besteck erëm blénkeg ze kréien!

Déi éischt ongewéinlech Saach déi een an d’Spullmaschinn maache kann, ass den Hausschlëssel. Well dësen am deegleche Gebrauch ass, kéint een en esouguer als richteg Vireschleider ugesinn. Eemol an der Spullmaschinn matgespullt, dann ass en erëm propper. Duerno sollt een en just nach gutt ofdréchnen.

Gi mer emol weider an d’Buedzëmmer. Hei kann een den Duschkapp, dee besonnesch ufälleg fir Kallek ass, duerch d’ Spullmaschinn erëm esou richteg blénkeg kréien. Ass är Hoerbiischt aus Plastik, da kënnt der déi och nach dobäileeën.

Ugeknabbert, vollgesuddelt an iwwert de Buedem geschleeft. Bei dëser Beschreiwung konnt een elo entweder u Kanner- oder un Hondsspillsaachen denken. Ma esoulaang se aus Plastik sinn, kënnt dir béides an d’Spullmaschinn leeën.

Komme mer dann zu gudder Lescht zur Kleedung. Gummisstiwwelen, Flip Flops a Sneaker kënnen zum Beispill ouni Bedenken an d’Spullmaschinn geluecht ginn. An obwuel Kapen aus Stoff an deels aus Kartrong sinn, kënnen och déi dra gesat ginn. Dat ass esouguer besser ewéi se an der Wäschmaschinn ze wäschen, well si an der Spullmaschinn net geschleidert ginn. Klengen Tipp: Leet är Kap einfach op eng Schossel, esou behält se d’Form am beschten.

Aus hygieenesche Grënn ass et bei deene méi ongewéinleche Spullgäng awer ganz wichteg, dass d’Géigestänn getrennt vum Geschier gespullt ginn. Oppasse muss een dann och nach beim Material: Holz a Lieder kéinten nämlech duerch d’Spullmaschinn geschiedegt ginn. Plastik kann een awer ouni Bedenken an d’Spullmaschinn leeën.... Bei der Toilettëbiischt hält de Spaass awer op.