Geet Groussbritannien nees an de Lockdown oder net? Dat war déi läscht Deeg iwwer déi grouss Fro bei de Britten.

Elo gëtt et endlech eng Äntwert an déi ass: "naja, esou hallef".

Um Dënschde Mueren huet de brittesche Premier Boris Johnson nees nei Restriktiounen annoncéiert, dorënner och eng Maskeflicht a Restauranten a Baren wéi et se zu Lëtzebuerg jo scho säit Längerem gëtt. Och musse Pubs elo all Dag um 22 Auer zoumaachen an et däerf een sech säi Gedrénks net méi selwer un d’Bar siche goen.

Lauschtert hei de Reportage:

Och soll een elo nees vun doheem aus schaffen, nodeems et Woche laang geheescht huet et soll en wann nëmme méiglech nees zréck op de Büro goen. Trotzdeem ass et kee komplette Lockdown. Deen wëll déi brittesch Regierung op alle Fall verhënneren.

© pixabay.com

Ob dës Mesuren duerginn, bleift ofzewaarden. Mee de Boris Johnsons sot d’Britte sollen sech drop astellen, dass des Reegelen vir déi nächst 6 Méint gëllen.

Et wäert also och hei a Groussbritannien a laangen an haarde Wanter ginn.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter