Jidderee vun eis hat schonn eng Kéier d’Gefill, dass d ‘Zäit einfach net wollt ëmgoen. Ma wisou ass dat esou?

Lauschtert eran

Schonn den Albert Einstein huet sech mam Thema Zäit befaasst an eng Theorie opgestallt déi mer ënnert der Relativitéitstheorie kennen. Ma esou wëssenschaftlech gi mer déi Saach hei awer elo net un. Déi Fro déi mer eis elo hei stellen ass wisou d’Zäit heiansdo verflitt a wisou heiansdo net.

Fuerscher vun der University of California , Berkeley, hunn elo erausfonnt, dass d’Neuronen an eisem Gehier Schold sinn. Am Detail heescht dat, dass bestëmmt Neurone mitt gi wa se méi dacks iwwert eng laang Zäit engem bestëmmte Reiz ausgesat sinn, esou d’Resultat vun der Etüd déi am ‘’Journal of Neuroscience’’ verëffentlecht ginn ass.

Heifir hunn d’Fuerscher 18 Gehierscans vun Männer a Fraen am Alter vun 18 bis 27 Joer ënnersicht. Den Testpersounen ass op engem Display 30 mol fir eng onbestëmmten Zäit en einfache groe Krees gewise ginn. Dono ass hinnen en Testreiz gewise ginn, bei dem se missten errode wéi laang dee gedauert huet.

D’Resultat ass zimmlech interessant: Wat de Leit de groe Krees méi laang gewise ginn ass, wat se d’Zäit vum zweete Reiz um Schierm méi hefteg ënnerschat hunn. Wat de Krees manner laang gewise gouf, wat d’Testpersounen éischter dozou tendéiert hunn d’Zäit vum zweete Reiz iwwerschat ze hunn.

De Fazit ass hei ganz kloer. Persounen deenen de groe Krees méi laang gewise gouf, hu sech méi séier gelangweilt, d’Neurone si midd ginn, an d’Zäitempfannen war dowéinst verzerrt an d’Dauer ass engem méi laang virkomm. Déi Leit déi de Krees net esou laang gewise kruten, hu sech net esou séier gelangweilt an d’Zäit vum zweete Reiz ass fir si méi séier ëmgaangen.

Wéi mer d’Realitéit wouer huelen, läit also der Etüd no un den Neuronen.