Wann een e puer Joer zeréck kuckt, da fält engem op, dass ganz grouss Museker verschidde Joer geprägt hunn.

Lauschtert eran

Amy Winehouse

Do fänke mer direkt mat enger absolutter Legend un an zwar dem Amy Winehouse.

Et si vill gutt Sängerinne ginn, ma nëmmen déi wéinegst hunn eng Stëmm déi een no e puer Sekonnen direkt erkennt. Ma d'Amy hat genau esou eng. D'Kënschtlerin huet sech souverän tëscht Soul, Jazz an R'n'B a modernem Pop beweegt. E Joerhonnert-Talent dat leider vill ze fréi gestuerwen ass.

Michael Jackson

Ganz egal wat e gemaach oder anscheinend gemaach huet: Wéi de Michael jackson mat den Jackson 5 fir d'éischt Kéier opgetrueden ass war kloer, dass hien ee vun deene ganz grousse géing ginn.

Seng Stëmm war dann och de Grond wisou en e bësse méi spéit mat ''Thriller'' ( 1982 ) zum King of Pop ginn ass.

George Michael

Ma och den George Michael kann sech dobäi zielen.

Hien huet bewisen, dass och wäiss Männer richteg Soulmusek maache kënnen. Wie weess wat de Kënschtler nach aller hätt kéinten erreechen wann en e bësse méi ee gesonde Liewensstil gefouert hätt.

Adele

Zu gudder Lescht nach d'Adele

Säit der Verëffentlechung vum Debütalbum ''19'' (2008) weess jidderee wien d'Kënschtlerin ass. Engagement, Power a Verletzlechkeet vereenegt d'Adele a sengem Gesang.