Nieft der Confirmatioun vun den aktuelle Mesuren war et d'Nouvelle, dass ronn en Drëttel vun den Infizéierten sech an der Vakanz ugestach hunn.

D'Hausse vun den Neiinfektioune mam Coronavirus wärend de leschten Deeg, ass net nëmmen en nationaalt, mä och en internationaalt Phänomen. Dat huet de Premierminister Xavier Bëttel e Mëttwoch de Mëtten am Kader vun engem Pressebriefing matgedeelt.

Et wier dann och net den Ament fir d'Mesuren déi en Dënschdeg an der Chamber gestëmmt goufen elo schonn nees unzepassen. Dem Staatsminister no hätt een den Ament keng Indikatiounen dofir, dass een déi aktuell Gesetzer upasse misst fir der Situatioun gerecht ze ginn.

Och d'Zuel vun den Hospitalisatioune muss am A behale ginn

Déi rezent Hausse vun den Neiinfektioune géif sech dem Xavier Bettel no virun allem duerch d'Relance vum normalen Alldag an den Aktivitéiten erkläre loossen. Et géif een awer och feststellen, dass de Retour aus de Vakanzen ee vun den Haaptgrënn fir d'Hausse vun den Neiinfektioune wier. Ronn een Drëttel vun den Neiinfektioune wiere Leit, déi aus der Vakanz zeréckkomme géifen.

Nieft der Zuel vun den Neiinfektioune wier et dem Premier no awer och wichteg d'Zuel vun de Leit déi wéinst dem Virus hospitaliséiert sinn, respektiv op der Intensivstatioun leien am A ze behalen. Hei géing et den Ament nach keng Problemer ginn. D'Zuel vun de Leit déi op den Intensivstatioune wier den Ament niddereg. Och mëttelfristeg géifen et hei keng Grënn zur Beonrouegung ginn.

D'Leit infizéieren sech weiderhin am Privaten

Vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet et geheescht, dass déi aktuell Hausse vun den Neiinfektioune kee Grond fir ze panikéiere wier. D'Zuele wiere scho virun e puer Wochen erop gaangen an et wier gelongen dës auszebremsen. Dat wier och elo wichteg. Et wier den Ament dann och ze fréi fir festzestellen, op et eng steigend Tendenz vun den Neiinfektioune géif ginn. Op esou eng Tendenz virleie géing, kéint een eréischt no e puer Deeg feststellen.

D'lescht Woch goufen et iwwerdeems 672 Neiinfektioune mam Coronavirus zu Lëtzebuerg. Am Verglach mat der Woch virdrun ass dëst eng Hausse vun 138 Prozent. 20 Prozent vun de Neiinfektiounen si Leit, déi sech am Privaten infizéiert hunn. Den Trend, dass d'Leit sech besonnesch am private Kader infizéiere bleift also weider bestoen. Iwwerdeems ass et d'Nouvelle, dass kee grousse Cluster vun Neiinfektiounen identifizéiert gouf. Allerdéngs goufen et och zwou Serië vun 10, respektiv 26 Tester, déi e falscht positiivt Resultat ugewisen hunn. Ewéi et vun der Ministesch heescht, géif de Labo, an dem dës Tester ausgewäert goufen, den Ament ënnersicht ginn.
Bei den Hospitalisatioune gouf et lescht Woch eng Hausse vun 13 Persounen. Dëst géigeniwwer 11 Leit déi d'Spidol nees konnte verloossen. Och déi niddereg Zuel vun 20 hospitaliséierte Persoune wier der Ministesch no e positiivt Zeechen. Dës géing weisen, dass de Gesondheetssystem den Ament net iwwerlaascht wier.

Wichteg weider virsiichteg ze bleiwen

Trotzdeem ass Lëtzebuerg den Ament am internationale Verglach op der véierter Plaz wat d'Zuel vun den Neiinfektioune betrëfft. Den Taux vun de positiven Tester hei am Land wier mat 1,66 Prozent zwar net ideal, mä och nach kee Grond fir ze panikéieren.

De wichtegste Message wier der Ministesch no weider virsiichteg ze bleiwen. Et wier een der Meenung, dass déi aktuell Mesurë géint de Virus géingen duergoen. Et géing een sech an engem kritesche Moment befannen, deen een awer esou virausgesinn hätt. D'Leit hätte gewisen, dass si sech un d'Mesuren hale kéinten. Wier dëst net de Fall gewiescht, hätt een d'Situatioun net esou gutt gemeeschtert. Et wier een der Iwwerzeegung, dass d'Lëtzebuerger och an Zukunft solidaresch wieren a sech weider un déi aktuell Mesuren hale géifen.

Lauschtert hei de komplette Reportage