Verschidde Produktioune ginn einfach net al. Egal ob een se eng Kéier gesinn huet oder honnert mol, se bleiwen einfach gutt.

Lauschtert eran

Natierlech ginn et Filmer déi een eng Kéier gesäit a sech schonn am Kino wënscht deen Ticket ni kaf ze hunn. Ma op der anerer Säit ginn et och Produktiounen déi nach Joren nodeems se am Kino ugelaf si gehyped ginn.

Fluch der Karibik

Ugefaange mat Fluch der Karibik. 2003 ass en op der Leinwand déi éischt Kéier gewise ginn an och haut ass et nach ëmmer e Film deen d'Leit gäre kucken. E Spin-off steet dann och elo an de Startlächer. Dat leider net méi mam Johnny Depp, mee mam Margot Robbie an der Haaptroll.

Star Wars

E weidere Film, oder besser gesot Filmfranchise ass da Star Wars. Deen éischten ass 1977 eraus komm an dee leschte vun der Saga lescht Joer am Dezember.

Herr der Ringe

Wann ee scho vu Filmer schwätzt, bei deenen et net just bei engem bliwwen ass, da muss een och vun Herr der Ringe schwätzen. Wann een déi regulär 3 Filmer géing hannertenee kucken, misst ee sech 11Stonn en 32 Minutten Zäit huelen.

Back to The Future

Elo ass dann awer Zäit fir d'Klassiker. Am ganze ginn et 3 Filmer. Do muss ee soen, dass d'Fortsetzungen och richteg gutt sinn, ma den éischten Deel ass a bleift einfach kult.

Kevin allein zu Haus

Lues awer sécher beweege mer eis Richtung Enn vum Joer an dat heescht: Et ass nees Zäit fir Kevin allein zu Haus a Kevin in New York ze kucken.

Bei ville Leit ass et ganz normal, déi 2 Filmer all Joer ëm Chrëschtzäit ze kucken.