D'Stad Lëtzebuerg ass déi éischt Gemeng mat deenen neie Luuchten. Si sollen dobäi hëllefen, dass Cycliste besser duerch de Verkéier kommen.

Déi nei Luuchte blénken orange an op hinnen ass e Symbol mat engem Vëlo an engem Feil ze gesinn, deen an eng bestëmmte Richtung weist. Wann dem Automobilist déi Rout Luucht ugewise gëtt, d’Vëlos-Luucht awer orange blénkt, dann däerfen d’Cycliste weiderfueren. Dat allerdéngs just an d’Richtung vum Feil.
D’Zil vun deem neie Projet ass, dass d’Vëlosfuerer besser duerch de Verkéier kommen, well si net méi esou oft bei roude Luuchte stoe bleiwe mussen. Dobäi soll d’Sécherheet weider garantéiert bleiwen. Natierlech soll dat Ganzt d’Leit dann och motivéieren, sech an der Stad mam Vëlo ze deplacéieren.

Bis ewell goufen d’Luuchten op 6 verschidde Kräizungen opgestallt.
No enger Testphas vu 6 Méint soll de Projet evaluéiert an entspriechend Conclusioune fir Cyclisten an all aner Persounen, déi um Verkéier bedeelegt sinn, geholl ginn.

Wou déi nei Vëlos-Luuchten ze fanne sinn a weider Informatioune fannt dir ënner www.vdl.lu

Mir waren dann och mam Mikro ënnerwee an hu bei de Cycliste nogefrot, wat si vun deenen neie Luuchten halen:

Dann huet eis och nach interesséiert, ob dir fannt dass d'Stad Lëtzebuerg genuch fir Vëlosfuerer mécht:

A mir wollten nach wëssen, ob d'Cyclisten ärer Meenung no genuch vun den Automobiliste respektéiert ginn: