Een Talent ze hu géing fir vill Leit schonn duergoen. Ma net fir déi heite Schauspiller. D'Kamera eleng geet hinnen net duer. Och de Mikro muss duerhalen.

Lauschtert eran

Bradley Cooper

D'Film an d'Musekswelt läit eigentlech guer net esou wäit auserneen. Huele mer mol de Bradley Cooper. A Filmer wéi Hangover, American Sniper konnt hien als Schauspiller iwwerzeegen an am Film Joker war de Bradley esouguer ee vun de Produzenten. Ma Film eleng geet dem Mann net duer. Nieft sengem schauspilleresche Kënnen am Film Shallows konnt hien och mat senger Stëmm iwwerzeegen.

Joaquin Phoenix

E Schauspiller vun deem dann an der lescht wierklech vill geschwat ginn ass, ass den Joaquin Pheonix, dee fir de Film Joker, en Oscar fir de beschten Haaptduersteller iwwerreecht krut. E Mann deen an der Verfilmung vum Johnny Cash sengem Liewen am Film Walk The Line vun 2005 scho bewisen huet, dass e sange kann.

Hei hat hien natierlech d'Roll vun der Country-Legeng Johnny Cash iwwerholl an huet all Song selwer gesongen.

Robert Downey Jr.

Och de Robert Downey Jr. Aka Iron Man huet nawell eng ganz interessant stëmm.

''Man Like Me'' heescht de Song an ass aus sengem Debüt-Album ''The Futurist'' aus dem Joer 2004.

Bruce Willis

An och de Bruce Willis huet eng ganz agreabel Stëmm.

Save The Last Dance For Me, nennt sech de Song an ass eigentlech e Cover vun ''The Drifters''.