Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

ZAYN - Better

Alles gëtt besser, wann ee selwer mat dru schafft. Dir hutt eng gutt Woch virun Iech.

Stéier

The Chainsmokers ft Daya - Don't let me down

Déi Leit ronderëm iech wëssen, wéi schwéier der vertraut. Dofir loossen se iech och net am Stach!

Zwilling

Salem Ilese - Mad at Disney

Dir sidd einfach net zefridde mat der Situatioun de Moment. Är Woch zitt sech.

Kriibs

Jason Derulo - Take You Dancing

D'Kriibse wëllen eigentlech nees richteg lassleeën. Dréint de Radio op a schnaapt iech een Danzpartner!

Léiw

Bastille - survivin'

Et kommen e puer schwéier Deeg op iech duer. Bäisst op d'Zänn!

Jongfra

Franz Ferdinand - Take Me Out

Dot är beschte Kleeder un, a loosst iech emol nees verwinnen! Dir verdingt et!

Wo

Giant Rooks - Heat Up

D'Temperaturen dobausse falen, a bei de Woe geet d'Temperatur nëmmen an d'Luucht. Der schlooft ouni Decken déi nächst Deeg.

Skorpioun

Jennifer Lopez ft Maluma - Pa Ti

D'Skorpiounen liewen des Woch fir aneren ze hëllefen. Är Kolleege soen Iech Merci.

Schütze

Harry Styles - Sign of the Times

D'Zeeche sti gutt bei de Schütze fir eppes ze riskéieren. Elo oder ni!

Steebock

Machine Gun Kelly ft Halsey - forget me too

Der hat Spaass, mee méi soll et awer net sinn. Sot dat roueg!

Waassermann

Jimmy Eat World - The Middle

Och wann anerer iech vermëttele wëllen, dass der net gutt sidd, haalt der de Kapp héich. Zu Recht!

Fësch

Clean Bandit, Demi Lovato - Solo

Wie seet, dass een eleng net ka glécklech sinn? D'Fësch sinn och zefridde fir eleng hir Ronnen ze schwammen.