Nodeems de Summer iwwer nees eng gewëssen Normalitéit hei geherrscht huet, ass Groussbritannien nees fest am Grëff vum Coronavirus.

Zwar gëtt et de Moment mol keen nationale Lockdown, mee déi neiste Statistike weisen awer, dass ëmmerhin schonn e Véierel vun de Britten a sou genannte lokale Lockdown'en festsëtzen. An d’Tendenz déi klëmmt. Dozou gehéieren zënter dëser Woch och déi 1.700 Studenten aus dem Studentenheem vun der Manchester Metropolitan University.

Lauschtert hei de Reportage:

Kuerz ier d’Uni nees ufänke soll, hunn sech elo schonn iwwert 120 Studenten aus dem Heem mam Virus ugestach an als Reaktioun gouf elo dohier dat ganzt Studentenheem fir 2 Wochen a Quarantän gesat. An aneren Unisstied gesäit et net vill besser aus.

Schonn bréngt d’Regierung d’Iddie an d’Spill, d’Studenten net fir Chrëschtdag heemgoen ze loossen. Si seet, wann d’Bevëlkerung sech un d’Reegelen hält, dann dierfen d’Studenten och nees heem. Dës quasi Erpressung kënnt, wéi een sech wuel virstelle kann, guer net gutt bei de Leit un.

© pixabay.com

Mee och déi brittesch Haaptstad kéint geschwënn nees an de Lockdown goen. Ganz London gouf elo als Gebitt agestuuft, op dat een en A hale muss, wat deen éischte Schratt ass, ier d’Regierung e Lockdown veruerdne kann.

Wann sech d’Situatioun also net verbessert, da wäert dat Wuert Lockdown hei op der Insel an Zukunft wuel nach méi dacks falen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter