Et gëtt weider gestalkt a spionéiert. D'Dréiaarbechten zu der drëtter Staffel "You" fänke geschwënn un.

Et gi weider Detailer zu der Stalker-Serie „You“ mam Acteur Penn Badgley.

Geschwënn fänken Dréiaarbechten zu der drëtter Staffel un.

U sech hat een am Fréijoer dëst Joer domadder ufänke sollen, mee wéinst der Corona-Pandemie war dat net méiglech.

Wéi een Insider elo verroden huet, fänken d'Dréiaarbechten elo am November un. Bis Mëtt Abrëll soll gedréint ginn an Enn 2021 kéint di nei Staffel dann erauskommen.