D'ACEL huet op hirer Rentréespressekonferenz betount, datt Studenten, déi fir d'Uni mussen zréck an Däitschland, gratis e Corona-Test kënne maachen.

D'Pressekonferenz fir d'Rentrée vun der Studentevereenegung ACEL (Association des cercles d'étudiants luxembourgeois) stoung ganz am Zeeche vu Corona. Déi aktuell Situatioun huet d'Studentevereenegung an de leschte Méint zum Ëmorganiséiere gezwongen. Och déi nächst Eventer goufen dementspriechend ugepasst.

Réckbléck op dat vergaangent Joer

Vill Events hu wéinst der sanitärer Kris missen ofgesot ginn. Dorënner och de beléiwte Studentebal am Juli. D'ACEL hofft, déi 20. Editioun dowéinst d'nächst Joer kënnen nozehuelen.

Vill Evenementer goufen awer och online oder am klenge Krees organiséiert. Sou ënnert anerem d'Aktioun "Student fir 1 Dag", bei deem zukünfteg Studenten an eng Stad kënne fueren an do Studente vun do an d'Uni kënne kenneléieren. Dësen Evenement gouf online organiséiert.

Ausbléck op dat nächst Joer

Mee och fir dat neit Unisjoer bleift de Coronavirus e wichtegt Thema. Ganz aktuell steet Lëtzebuerg jo nees op der Lëscht vun de Risikogebidder an Däitschland. Wéi schonn am Juni heescht dat fir vill Studenten aus Lëtzebuerg, datt si bei der Arees an Däitschland mussen en aktuelle Corona-Test kënne virweisen. Dofir bitt d’ACEL weiderhin un, datt betraffe Studenten sech e Voucher kënnen ufroen.

Mee och Studenten aus anere Länner, déi en Test brauchen, kënnen iwwer de Site vun der ACEL een ufroen.

Wéinst dem Virus hunn och e puer Evenementer am Wanter missen ofgesot ginn, dorënner de bekannten Tournoi de Noël. Un der Studentefoire wollt d’ACEL awer festhalen, dowéinst gëtt dës am November digital organiséiert. Interesséiert zukünfteg Studente kënnen do mat Exposanten iwwer Chat a Kontakt trieden a Webinarer beleeën, ënnert anerem dozou, wéi een en CV schreiwt.

Fir zukünfteg an aktuell Studente gëtt et dann och wéi all Joers d’Guidë vun der ACEL. Dës sinn um Site vun der ACEL gratis disponibel. 'Christelle May huet eis déi dräi Guidë virgestallt.

Fir den 10. Oktober plangt d’ACEL iwwerdeems eng politesch table ronde mat bekannte Gesiichter aus der Lëtzebuerger Politik. D’table ronde weärt um Campus Belval sinn. Doranner geet et ënnert anerem ëm Schwieregkeete vu Studenten an der EU, ënnert anerem duerch zoue Grenzen an Europa.