Hondsbesëtzer kennen et. Et wäscht een den Hond oder war mat him schwammen an dee Moment, op deen ee gutt verzichte kéint, ass awer net z'evitéieren.

Wann de Kolleg op 4 Been sech – plätschnaass – virun engem ausrëselt an ee selwer nach eemol eng gutt Dusch ofkritt. Ma wisou maachen d'Hënn dat? Dat ass Thema dës Kéier an eisem "Féx erkläert".

Wa sech en Hond rëselt kann dat verschidde Grënn hunn. Sief et vu Freed, well de Besëtzer endlech nees doheem ass oder well e grad gebuede ginn ass an en dat éischter manner gutt fënnt. Wann d'Fell vum Hond naass ass, dréchent dat net bannent 10 Minutten. Esou wéi mir e Fön benotzen, maachen d'Hënn et op hir Manéier: Si rësele sech fir dat iwwerflëssegt Waasser lass ze ginn, konkret sinn dat bis zu 70 % vum Waasser. Géife si dat net maache géif et e puer Stonnen daueren.

Och wa mir dann d'Sauerei um Buedem oder un eis selwer hunn, esou evitéieren d'Véierbeener, datt si engersäits ënnerkillen, anerersäits dat schwéiert Gewiicht vum Waasser mat sech ronderëm schleefe mussen. Den Hond hëlleft sech esou also selwer, et kann een deemno vun engem Iwwerliewensinstinkt schwätzen. En anere Grond kann et och sinn: Fir eis richt de Shampoing vläicht gutt, eise Kolleeg ass do awer anerer Meenung a wëll dee Geroch lassginn.

Experte ginn dovunner aus, dass déi geckeg 5 Minutten, déi verschidden Hënn nom Bueden hunn, genotzt ginn, fir dee Geroch ofzerëselen. Grad esou gëtt en och soss Dréck oder souguer Parasitte lass. Et kann awer och domat ze dinn hunn, dass en et einfach net ausstoe kann oder dass et en ënnerlech stresst: Vill Gerécher, Reizer an d'Interaktioun mam "Herrchen" oder "Frauchen" dréinen den Hond op an esou kënnt eng gutt Portioun Energie zesummen, déi nees ausgerëselt muss ginn.

Lauschtert eran!