Virun allem wann et dobaussen naass a sabbeleg ass, muss ee besonnesch op seng Mask oppassen.

Lauschtert eran

Den Hierscht ass déi fiichtsten Zäit vum Joer. D'Netzt an de Reen kommen der Hygiène, déi an Zäite vu Corona extrem wichteg ass, net onbedéngt entgéint, virun allem wat d'Masken ugeet.

Wann een dobaussen ënnerwee ass a keng Mask muss unhunn, dann tendéieren d'Leit dozou se entweder an d'Täsch oder einfach an d'Posch ze maachen. Ma dat soll een awer vermeiden. Gräift een no der Mask, kënnt een direkt a Beréierung mat de Keimen a genau dat soll ee jo vermeiden. Virun allem awer och well d'Täsch an d'Posch net onbedéngt propper sinn an d'Mask seng Fiichtegkeet net ka lass ginn. Hei gëtt recommandéiert de Mondschutz um Ueweraarm ze droen. Hei ass een zwar nach zu 100% vun de Keime geschützt, ma et ass awer déi Hygieneschst vun all de Varianten.

Dat gëllt allerdéngs net wann d'Mask dem Reen ausgesat ass. Wat déi méi fiicht ass, wat de Schutz méi an de Keller geet. D'Waasser spullt d'Erreeger op déi bannescht Säit a genau do wëll ee se op kee Fall hunn. Hei gëtt recommandéiert, se einfach an e plastiks Sachet ze maachen a se dann an der Posch ze verstauen.

Falls et awer mol onerwaart reent an de Mondschutz naass gëtt, gëllt et dësen direkt ewech ze geheien an eng nei Mask unzedoen. Idealerweis huet een ëmmer eng zweet dobäi an nach besser ass hei esouguer e Präbbeli.

Nach e klengen Tipp punkto selwer gemaache Masken. Wann se naass ass, soll een se doheem net einfach just dréchne loossen, mee am beschten nees Steriliséieren. Dat geet am beschten andeems ee se a kachend Waasser leet. Bei enger Temperatur vu mindestens 60 Grad stierft de Virus nämlech of.