Dir wëllt wëssen, wéi et a Saache Léift bei Iech och an Zukunft ausgesäit? Da kuckt emol wat äert Stärenzeechen doriwwer verréit.

Widder

D'Widdere loossen an der Léift näischt ubrennen. An awer sichen se no der enger Persoun déi hinnen Halt gëtt. Wann der déi bis fonnt hutt gëtt et och kee Wee méi zeréck!

Stéier

D'Stéiere si Fans vun der Léift. Mee eng Schwärmerei bedeit nach net dass et eescht gëtt. Dofir trëfft Amor och genee zweemol bei de Stéieren. Eemol a jonke Joren an eemol méi spéit. Déi zweet bréngt dann och déi erhoffte seriö an intensiv Bezéiung.

Zwilling

D'Zwillinge wëllen nëmmen dat Bescht vum Beschten, och wann et ëm d'Häerz geet. Séier fäert der, dass äert Liewen duerch eng Bezéiung monoton gëtt. Maacht iech awer net zou, soss verpasst der déi Persoun déi äert Liewe fir ëmmer op d'Kopp stellt.

Kriibs

Bei de Kriibsen ass d'Verléiwen zwar séier geschitt, mee ëmmer éierlech an intensiv. D'Kriibse wënschen sech virun allem eng stabil Bezéiung déi och villäicht zu enger Famill féiere kéint. Mat dem richtege Partner klappt dat.

Léiw

D'Léiwen brauchen deen richtege Partner. Dofir gi si och net liichtfankeg mat der Léift ëm, a mussen virun allem Vertraue kënnen. Dofir schléit de Blëtz och genee dräimol an ärem Liewen esou richteg an.

Jongfra

D'Jongfrae loossen sech net gären an d'Kaarte kucken. Ma wien äre Pokerface awer eemol duerchkuckt huet bleift. Deementspriechend ass är éischt Léift och är lescht, egal wéi schwéier et emol gëtt.

Wo

D'Woe gëllen als dat romanteschst vun all de Stärenzeechen. Dir braucht ee Partner an ärem Liewen. Dofir kënnt dir iech och relativ einfach no enger Trennung nees verléiwen. Et gëtt also méi wéi eng grouss Léift an ärem Liewen.

Skorpioun

De Skorpioun huet och an der Léift een haarde Panzer. Fir deen ze knacke brauch et eng gedëlleg Persoun. Wann der äert Häerz verschenkt bleift der awer och dëser Persoun fir ëmmer trei.

Schütze

D'Schütze si gären On Tour. Dowéinst ass eng fest Partnerschaft net onbedéngt eng Prioritéit. Ma wann d'Léift dann awer uklappt, an et passt, gëtt et kee Wee méi zeréck.

Steebock

Et ass schwéier méi eng trei Séil wéi d'Steebéck ze fannen. Wann der ären Deckel fonnt hutt, haalt der un dësem fest. D'Steebéck gleewen un déi eng grouss Léift, a verschenk hiert Häerz dowéinst och net onnéideg.

Waassermann

D'Waassermänner hunn héich Uspréch. Ma dowéinst hutt der och Schwieregkeeten ee Partner ze fannen. Idealerweis verléift der Iech genee eemol, ma sidd awer bereet no enger Enttäuschung nees opzestoen.

Fësch

D'Fësch sinn onmoosseg romantesch. An dir gleeft bedéngungslos un dat Gutt an de Mënschen. Dowéinst verléift dir Iech och ouni Problem e puermol.