Den Chiko verstoppt sech hannert engem net komplette Link. Un iech ass et dee richtege Link ze erroden.

Am Joer 2020 ass nach ëmmer dat meescht genotzte Passwuert "1234". Ëmsou méi erstaunlech ass et, dass net nach méi Accounts gehackt gi sinn. Ma mir stellen elo är Hackerfähegkeeten op d'Prouf.

Hei an den Artikel hu mer iech e Link gesat deen net komplett ass. Fir genau ze si feelen déi lescht 4 Zuelen / Buschtawen.

  1. Un iech ass et de Link an äre Browser ze kopéieren an esou laang ze probéiere bis der déi lescht 4 Zuelen / Buschtawen eraus fonnt hutt.
  2. Reegelméisseg Tipps ginn et LIVE op der Antenn tëscht 10h00 a 15h00.
  3. Knackt der de Code, da kënnt der iech déi ugehängten Datei ukucken.
  4. Do steet e Passwuert ( et ass net 1234 ) an dat gëlt et eis iwwert SMS op de 62456 ze schreiwen.
  5. Doropshi kontaktéiere mer ee vun iech an dir gewannt en originalen Eldo-Chiko.

De Link

https://we.tl/t-RwabsN????

Déi 4 Fragezeiche gëllt et eraus ze fannen
Hei direkt e klengen Tipp: Et ass e Mix aus enger Zuel an dräi kleng geschriwwene Buschtawen.
Einfach de Link an de Browser kopéieren an e bësse mat der Tastatur experimentéieren. Gerot der dee richtege Code, kënnt der iech déi ugehängten Datei ukucken.