Leggings ware, grad wéi Collanten a Juppen, laang de Frae reservéiert. Dat allerdéngs schéint sech grad ze änneren.

An den nuller Joren huet et ugefaangen: Leggings huet een net méi just beim Sport ugedoen, mee och am Alldag op der Strooss. Kloer war awer: Leggings sinn, grad wéi Collanten a Juppen, de Frae reservéiert. Dat allerdéngs schéint sech grad ze änneren.

Stare wéi den Acteur Shia LaBeouf weise sech zur Zäit a "Meggings", een neie Begrëff, deen di zwee Wieder "Men" a "leggings" kombinéiert. Verschidden Online-Shopping-Plattformen schéngen un den Trend ze gleewen a bidde scho verschidde Modeller un.

Shia laBeouf /

Männer a Leggings weise méi wéi mir et gewinnt sinn

Iwwerdeems Leggings bei Fraen allerdéngs de Bauch platt drécken, passéiert bei de Männer de Géigendeel: Hei gëtt méi gewisen wéi mer et gewinnt sinn. An dat kann zimmlech provokant eriwwer kommen. An eiser Gesellschaft ass et üblech dass d’Männer hiert beschte Stéck gutt bedecken. Speedo Schwammboxen? An den 80er Joren nach omnipresent, ginn déi hautzedaags just nach vu deene Männer ugedoen, déi sech deemools eng kaf hunn an elo net wëllen an eng nei Schwammbox investéieren.

Enk Boxen am Sport gi just bei Cyclisten toleréiert. Leefer, déi sech fir Leggings decidéieren, doen e Short driwwer un.

Firwat Männer iwwerhaapt Leggings undoe wëllen, dat muss ee kengem erklären, deen der schonn unhat. Et gëtt kee Kleedungsstéck, dat méi bequem ass. Grad wéi eng zweet Haut maachen d’Leggings tatsächlech all Beweegung mat.

Et muss een deemno ofwaarden, ob Meggings sech éischter wäerten duerchsetzen wéi aner Kleedungsstécker, déi weiblech konnotéiert sinn, wéi zum Beispill de Männerrack. De Moment doen zwar just verschidde Männer se un fir Sport ze maachen. Mee esou huet et mat de Fraen an de Leggings deemools och ugefaangen...

View this post on Instagram

International Yoga Day Sponsored by Matador Meggings.

A post shared by Valentine Aseyo (@valentineaseyo) on