D'Samantha Bennington war 9 Joer laang d'Fra un der Säit vum verstuerwene Linkin-Park Star Chester. Elo bréngt si ee Buch eraus.

3 Joer ass et hir dass de Linkin Park Sänger Chester Bennington gestuerwen ass. Seng Ex-Fra huet elo ee Buch geschriwwen. Am Buch „ Falling Love Notes: Memories of a Rock Star Wife“ geet et iwwert hiert d’Liewe mam Rockstar an d’Zäit no sengem Doud. Si schwätzt doranner oppen iwwert déi schwéier Zäit no sengem Doud a wëll aneren domadder Mutt maachen. Dat géif deemno zum Verschaffungsprozess gehéieren. Si wéilt dat deelen, well se wéisst, dass hie sou vill Mënsche weltwäit beréiert huet, esou d’Samantha Bennington am Interview mam People-Magazin. D’Buch soll am November erauskommen.