D'Jennifer Aniston sot an engem Interview, dass hatt sech virstelle kéint, mat der Schauspillerei opzehalen. Déi läscht Roll hätt hir vill Nerve kascht.

Fans mussen elo ganz staark bleiwen. D‘Jennifer Aniston, dat duerch d’Serie „Friends“ weltwäit bekannt ginn ass, wëll mat der Schauspillerei ophalen. Dat sot déi 51 Joer al Schauspillerin elo am Interview mat der "Morning Show".

Doriwwer nogeduecht opzehalen, huet si no hirer leschter Roll gehat. Déi hätt der Schauspillerin quasi "d’Liewen ausgesaugt". Et wier een „onvirbereete“ Filmprojet gewiescht, deen engem wärend 3 Méint vill Nerve kascht hätt.

D'Jennifer Aniston wier elo méi drun interesséiert Regisseurin ze ginn, also hannert der Kamera ze stoen.