Den däitschen Ex-Fussballmanager Reiner Calmund versicht sech néierdengs als Schlagerstar. An engem Video rutscht him souguer d'Box erof...

De Reiner "Calli" Calmund ass bekannt als fréiere Fussballmanager, als Tëleesexpert an och als Jurymember aus diverse Shows. Eent huet hien awer nach net gemaach: Musek. Dat huet sech den 71 Joer alen Däitschen elo awer getraut, zesumme mat der Party-Schlagerband "Dorfrocker". Erauskomm ass de Song "Voll fett".

Am Musekvideo spillt de "Calli" d'Haaptfigur. Hien checkt an een Hotel an mat 170 Kilo. Do gëtt hie vun 3 Vampir-Fraen verfollegt, déi ampaz Blutt, Fett ofsaugen. Um Enn vum Song sëtzt de "Calli" a sengem Zëmmer a kuckt, wat och soss, Fussball. Dobäi falen d'Vampir-Fraen iwwert hien hir. Wéi en nees erwäscht, ass hien däitlech méi dënn a weit just nach 110 Kilo, dowéinst rutscht him och d'Box erof.

An den Hotel anchecken mat 170 Kilo an nees auschecken mat 111 Kilo, wie wënscht sech dat net :)

Kuckt iech hei de Musekvideo vum neie Schlagerstar un: