E mécht wakereg an et gëtt en a ville Varianten. Ma dat ass awer nach laang net alles.

Lauschtert eran

Et ass déi Substanz ouni déi ganz vill Persoune mueres näischt ëmgerappt kréien an zwar de Kaffi. Sief et mat oder ouni Mëllech an Zocker, d'Wierkung ass déi nämmlecht.

Beim genoss vum koffeinhaltege Getränk ginn nämlech déi nämmlecht Gehier-Regiounen ugesprach déi och beim Konsum vun Heroin a Kokain aktivéiert ginn. Obwuel d'Wierkung vum Kaffi natierlech vill méi geréng ass wéi bei den Drogen, war d'Gedrénks am Ufank vum 18. Joerhonnert e gesellschaftleche Problem. Gottseidank ass dat haut net méi esou.

Et ass also eng Substanz déi ganz beléift ass an dat op der ganzer Welt. Direkt nom Äerdueleg ass de Kaffi deen zweetwichtegste Marchandise um ganze Planéit. Kee wonner, wann ee bedenkt wéi vill Mënschen um Planéit all Dag méi wéi eng Taass dovunner drénken.

Dovunner ofgesi gëtt et en och a verschiddene Varianten, wéi zum Beispill decafeinéierten. Ma wat dat ugeet muss ech iech leider enttäuschen. Et ass nämlech onméiglech de Koffein zu 100% erauszefilteren ouni, dass den Aroma a Geschmaach komplett verluer geet. An der EU gëtt et do awer eng Héchstgrenz u Koffein déi eng Taass decafinéierte Kaffi dierf hunn an déi läit bei 0,1% Koffein.

Last but not least. Dir musst elo ganz staark sinn, d'Kaffi-Boun ass a Wierklechkeet guer keng Boun mee eng Steefruucht. D'Kaffisboun ass de Kär vun der sougenannte Kaffeekiischt.