Vu riets a lénks heescht et, dass et awer schonn Enn des Joers, spéitstens Ufank '21 esou wäit kéint sinn an e Corona-Impfstoff disponibel wier.

Aktuell sinn déi eenzel EU-Staaten zesumme mat der Kommissioun am gaangen, esou genannte "contrats d'achat anticipés" auszehandelen. Dat heescht, datt ee mat esou engem Kontrakt schonn am Viraus eng gewësse Quantitéit un Dosisse reservéieren a wann de Vaccin bis do ass dësen och direkt kafe kann. Dat huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement geäntwert, dee méi iwwert d'Bestellunge wollt wëssen.

Esou een Accord op EU-Niveau gouf zum Beispill mat der Entreprise AstraZeneca ofgeschloss: 300 Milliounen Impfstoff-Dosisse sti prett, 100 Milliounen zousätzlecher, falls néideg. Automatesch géif Lëtzebuerg dovunner eng 420.000 Dosisse bereet gestallt kréien. Esou eng Prorata vun der ganzer Commande ass fir all Memberstaat virgesinn. Ma brauch een hei am Land gréisser Quantitéite vun dësen Dosissen, wier eng zweet Bestellung kee Problem, esou d'Paulette Lenert.

"D'Indemnisatioune vun eventuelle Schied, déi duerch eng Impfung kënnen optrieden, sinn duerch d'Gesetz vum 4. Juli 2000 ofgedeckt (relative à la responsabilité de l'Etat en matière de vaccination)" - dat erkläert d'Gesondheetsministesch a Bezuch op eng "Net-Haftungsklausel", déi de Sven Clement a senger Fro uschwätzt. Vill zum Kontrakt selwer mat der Entreprise gouf net verroden, dat wier duerch d'Konfidalitéitsklausel zum aktuellen Zäitpunkt net méiglech.