Scho mol eppes vun "Avocado Frappuccino" héieren? Nee? Da gëtt et elo héich Zäit! D'Chich an den Andy hu getest!

Den 1. Oktober ass den Dag vum Kaffi.

Grond genuch ee gudde Kaffi ze drénken. Mee net egal wéi ee Kaffi. Ee ganz spezielle Kaffi. "Einfach just Kaffi" ass nämlech langweileg, "Avocado Frappuccino" ass in. Dat gëtt op d'mannst mol gesot...

Wann dat kee Grond ass fir dat mol ze testen!

A genee dat hunn elo d'Chich an den Andy aus der
Eldo-Morningshow gemaach.

Hire Fazit:

Andy : "Ech fannen et déck lecker, dat kann ech mol doheem testen. JUST ech maachen et mat Salz dran an net mat Zocker"

Den Andy gëtt dofir 4 vu 5 Punkten!

Chich : "Ech fannen et schmaacht no net ganz vill, bësse fad"

D'Chich ass net sou iwwerzeegt a gëtt 1 vu 5 Punkten!

© Eldoradio

Dir wëllt den "Avocado Frappuccino" och testen?

Hei fann dir d'Rezept (fir eng Persoun):

Wat ee brauch:

- 2 Dattelen
- eng hallef Taass Mëllech
- eng hallef Taass Kaffi
- 1/2 Avocado
- een Téiläffel Zocker ODER eng Prise Salz
- e puer Äiswierfel
- Mixer

Wéi een de Frappuccino zoubereet: 
 
-> d'Dattelen, d'Mëllech, de Kaffi (kal), d'Avocado an den Zocker an de Mixer geheien an 30 Sekonne laang mixen

-> duerno d'Äiswierfel dobäi ginn, a fir weider 20 Sekonne mixen, bis alles déckflësseg ass

-> wie wëll hëlt als Topping Schlagsan

Voilà! Looss iech et gutt schmaachen! 

Ärt Naschkatze-Team :)