Bei der Schauspillerin gouf Ufank des Joers Broschtkriibs diagnostizéiert. Elo huet de Kriibs gestreet.

Ufank des Joers gouf bei der Schauspillerin Shannen Doherty een aggressive Broschtkriibs diagnostizéiert. Schonn deemools huet si oppen iwwert hire Gesondheetszoustand geschwat. Elo huet d'Shannen am Interview mat der Zeitung "Elle" iwwert de Fortschrëtt vun hirer Krankheet geschwat a wéi si domat ëmgeet. Deemno huet de Kriibs gestreet.

D'Shannen huet well eng Kriibserkrankungen hannert sech. Elo ass si onheelbar krank. D'Schauspillerin weess net wéi vill Zäit si nach huet. An am Fong wëll si och keng Bréiwer fir Äddi ze soe schreiwen. Si wéilt sech awer sou lues dru setzen.

Vill Zuschauer kennen d'Shannen aus Serie wéi "Beverly Hills 90210" oder "Charmed".