D'Demi Lovato an de Max Ehrich sollen sech endgülteg getrennt hunn. Dorop deit ee kryptesche Message hin.

D'Sängerin Demi Lovato (28) mécht wuel grad eng schwéier Zäit duerch. Zënter e puer Deeg ginn et ëmmer méi Gerüchter, dass hatt sech vum Max Ehrich getrennt kéint hunn. Eréischt viru kuerzem gouf bekannt, dass d'Koppel sech verloobt huet, an dass d'Demi schonn um Virbereede vun der Hochzäit ass.

Elo schéngt alles eriwwer ze sinn...

Fir d'lescht gouf de Verdacht vun enger Trennung doduerch bestäerkt, dass déi Zwee all hir gemeinsam Fotoen am Netz geläscht hunn.

Zu engem méiglechen Enn vun hirer Bezéiung hu si sech bis ewell net eendeiteg geäussert - bis ewell. D'Demi huet nämlech ee kryptesche Message gedeelt.

Op Insta schreift hatt "Musek ass ëmmer fir mech do...". Méi schreift et net. Aus deem Grond sinn d'Fans an de Kommentaren elo fléisseg um spekuléieren.