Och am 10. Mount vum Joer kann ee sech op nei Produktioune freeën. Nei Filmer wéi och nei Serie gi released.

Lauschtert eran

The Alienist

Ganz nei am Oktober ass dann elo déi zweet Staffel vun , ‚‘The Alienist‘‘. Am Abrëll 2018 ass déi éischt Staffel eraus komm an huet nawell e groussen Erfolleg konnte Feieren. Bei Alienist handelt et sech net wéi een direkt géing mengen ëm Aliens. Alienist ass nämlech en englesche Begrëff fir Psychiater.

Den Dr. Lazlo Kreizler, gespillt vum Däitschen Daniel Brühl, ass e Psycholog am Joer 1896 dee vu senge Landsleit als Scharlatan ofgestempelt. Ma mat sengem Psychologesche wëssen deckt hien awer grausam verbriechen op well en dem Täter seng Doten novollzéie kann. Et ass eng Amerikanesch Krimi-Serie an der och de Luke Evans matspillt.

Social Distance

Bëssen eppes méi ongewéinleches bidd eis dann de Jenji Kohan. Ënnert anerem war dësen och fir d’Anthologieserie ‚‘‘Orange ist he new Black‘‘ verantwortlech. Déi nei Serie nennt sech ‚‘‘ Social Distance‘‘.

1 Staffel an 8 Episoden huet d‘Serie. An all Episod gëtt d’Geschicht vu verschiddene Persoune gezielt déi iwwert d’Coronazäit verschiddenes erlieft hunn a wéi se duerch déi Zäit komm sinn. Mat Dobäi ass den Dylan Baker, Mike Colter, Oscar Nunez, Danielle Brooks an nach vill anerer.

Rebecca

Frësch bestuet plënnert d’Braut bei säi Mann Maxim de Winter op déi englesch Küst, fir sech zesummen e Liewen opzebauen. Dat ass net ganz esou einfach, virun allem, well d’Exfra vum Maxim nach ëmmer grousst Thema ass.