Wéi all Joer ass um 10. Oktober den Dag vun der psychescher Gesondheet. En Thema, wat nach ëmmer net genuch Opmierksamkeet kritt.

Et ass gewosst, dass de mentalen Zoustand e groussen Afloss op d'kierperlech Verfassung, souwéi och op d'Ëmfeld huet. Angschtstéierungen an Depressioune gehéiere weltwäit zu deenen Erkrankungen, déi am meeschte virkommen, an et kann een dovun ausgoen, dass jiddereen a sengem Liewen eemol d'Krittäre vun enger psychescher Krankheet erfëllt. Trotzdeem kämpft een och haut nach géint Virurteeler, a fir vill Persounen ass psychologesch Hëllef dat lescht, wat a Fro kënnt. Et muss een net gesellschaftsonfäeg sinn iert een sech fir Hëllef entscheet, a genee dëse Message ass nach net iwwerall ukomm.

D'Mady Juchem ass Vize Presidentin vun der Association des familles ayant un proche atteint de Psychose au Luxembourg (AFPL), a këmmert sech virun allem ëm dat not Emfeld vun der betraffener Persoun. Si huet erklärt, wéieng Erfarunge si mat der Krankheet Schizophrenie gemaach huet.

Et géif een nach ëmmer géint de Stigma duerch psychesch Belaaschtung ukämpfen, a Betraffener souwéi och d'Famill fillen sech dacks am Stach gelooss. Anescht wéi bei enger kierperlecher Erkrankung kann ee bei enger mentaler Instabilitéit d'Symptomer net direkt erkennen, an och d'Ursaache kënne vu Persoun zu Persoun variéieren. Wat een sech net op den éischte Bléck erkläre kann, gëtt dann dacks falsch ageschat. Esou Sätz wéi “stell dech net esou un“ gi ganz séier mol gesot, och wann se kontraproduktiv sinn. Am schlëmmste Fall hu Betraffener Suizidgedanken, an dës komme besonnesch bei enger Schizophrenie dacks vir. Ee Spidolsopenthalt ass hei meeschtens noutwenneg, ma och dësen huet iergendwann een Enn, an duerno sinn déi Betraffen nees op sech gestallt. D'Waardelëschte bei de Psychiatere si laang, an och eng psychologesch Betreiung kann net jiddereen an Usproch huelen.

Gutt nolauschteren, weisen dass een do ass a virun allem net bewäerten- Et si ganz einfach Methoden, déi een am Alldag ëmsetze kann. Ma schlussendlech ass et am wichtegsten sech bewosst ze maachen, dass ee selwer och ganz séier an eng schwiereg Situatioun gerode kann. En Aarbechtsverloscht, en Trauerfall oder eng schlecht Erfarung huet net op all Mënsch de selwechten Impakt. Wat deen ee gutt verschafft, huet fir deen anere méiglecherweis e ganz anere Stellewäert. De séileschen Zoustand ka kee vu baussen definéieren, dofir ass et ëmsou méi wichteg matzefillen. Empathie kascht näischt, an et kann hëllefen zur Liewensqualitéit bäizedroe – Net nëmme vun engem selwer, mee vu jidderengem. Gidd mat guddem Beispill vir!

Du fills dech net wuel, a brauchs ee fir ze schwätzen?

#MentalHealthMatters

Vicky

Lauschtert hei de ganze Mindset!