Den 10. Oktober organiséiert d'ACEL en Event am Kader vum Schengen-Accord, dee säi 35. feiert. Déi lescht Méint hunn awer wéineg Grënn fir ze feiere ginn.

Lauschtert eran!

Och wann et virdru scho Problemer goufen, huet d'Coronakris gewisen, ewéi séier d'Grenzen an engem Raum, deen eigentlech fir oppe Grenze steet, zougemaach kënne ginn. "Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?" - ënnert deem Motto gëtt e politeschen Dag vum Lëtzebuerger Studentevertrieder organiséiert. Mat dobäi si verschidde Personnagen aus der Politik, sou de Claude Meisch, de Charel Goerens, de Nicolas Schmit, d'Viviane Reding an d'Karin Basenach. Den ACEL-President Sven Bettendorf erkläert, dass ee mam Event den Dialog tëscht Studenten a Politik encouragéiere wëll.

De politeschen Austausch ass fir d'ACEL zënter Joren eng Prioritéit – duerch déi bekannte Grënn hunn all d'Evenementer op deem Niveau dëst Joer ofgesot oder an d'Netz verluecht ginn. Mat dësem politeschen Dag, dee souzesoen d'REEL ersetze soll, wëll een dem gewënschten Dialog nees eng grouss Bühn bidden an de Studenten erméiglechen hir Froen, Problemer a Suerge matzedeelen. Bei den Invitéeën aus der Politik huet een dann och näischt dem Zoufall iwwerlooss. Et solle Leit sinn, déi sech mat der Politik an Europa auskennen an hiert Wësse bäisteiere kënnen.

Och wann et an éischter Linn ëm d'Studente geet, ass et der ACEL wichteg, datt jiddereen dëse Samschdeg wëllkomm ass. Et erhofft ee sech eng breet Diskussioun, an där aktuell Schwieregkeeten op de Leescht geholl ginn. Grad esou wichteg ass dem ACEL-President, datt een och zukünfteg Problemer uschwätzt a mat Zäiten upaken a léise kann. Den Event soll souzesoen eng Bestandsopnam vun den aktuelle Chantieren an Europa duerleeën a wéi een dës aus dem Wee ka raumen. Dem Sven no ginn et vill Ongerechtegkeeten, déi scho laang misste geléist gi sinn.

Umelle kann ee sech nach bis den 9. Oktober Mëtternuecht (23 Auer 59). Wéi den ACEL-President am Eldo-Interview erkläert huet, gëtt dat ganzt Event gefilmt a kann deemno op de soziale Medie landen. Fir d'Leit, déi live wëllen deelhuele gëllen natierlech déi bekannte Corona-Moossnamen. Donieft ass eppes besonnesch wichteg: Froe stellen, Problemer uschwätzen an net fäerten, seng Gedanke matzedeelen. Den Event soll genotzt ginn, d'Situatioun vun all Eenzelem ze verbesseren an onnéideg Aschränkungen an engem eigentlech vereenegten Europa aus dem Wee ze raumen.

Hei de Programm vum politeschen Dag vu 14 bis 19 Auer:

  • Accueil an der Maison du Savoir
  • Begréissung vum ACEL-President Sven Bettendorf
  • Virtrag vum Educatiounsminister Claude Meisch
  • Froeronn mat alle Participanten
  • Paus virum Auditoire
  • Table ronde "35 Joer Schengen: Ass alles perfekt? - Problemer vun de Studenten an engem vereenegten Europa."

RTL

© ACEL

Adress a Mesurë wéinst der aktueller Situatioun:

Wéinst den aktuelle Corona-Moossname muss ee sech am Virfeld fir den Event umellen. Dat geet nach bis den 9. Oktober 23 Auer 59. Et gëllt eng Maskeflicht bis ee sëtzt, d'Sëtzplaze ginn zougewisen. Wärend dem Event sollt een op senger Plaz sëtze bleiwen. Am Auditoire ass et weder erlaabt ze drénken, nach ze iessen. An der Paus gëtt an der Hal virum Auditoire Waasser offréiert. D'Event ass am groussen Auditoire vun der Maison du Savoir um Belval: 2, Avenue de l'Université, L-4365, Esch.