Den Horoskop vum Eldo seet iech är Woch viraus dat mam passende Sound!

Widder

Julia Michael - Lie Like This

Léien ass ni eng gutt Iddi. Spillt virun allem dëst Woch mat oppene Kaarten.

Stéier

Tom Grennan - Amen

Dot äre Leit eppes guddes, si hunn et verdéngt.

Zwilling

Cage The Elephant - Skin & Bones

Dir hat déi lescht Woch vill ëm d'Oueren. Loosst et dëst Woch mol méi roueg ugoen.

Kriibs

Britney Spears - Toxic

Frëndschafte muss ee fleegen. Ma fäert awer net och engem Kolleeg mol d'Meenung ze soen.

Léiw

Younotus & Amber Van Day - Papa

Dir hutt Verantwortungen, vernoléissegt déi net. Et ass ni ze spéit eppes nees gutt ze maachen.

Jongfra

Chaild - Raindrops

Loosst de Kapp net hänken. No engem Down kënnt och nees en Up.

Wo

Disclosure - Douha 

Op iech kënnt eng super Woch duer. Sidd selbstbewosst, et lount sech.

Skorpioun

Paul Kalkbrenner - Parachute

Heiansdo kënnen een déi klengste Saachen opfänken. Verloosst iech roueg op är Leit.

Schütze

Billie Eilish - Future

D'Stäre sti ganz gutt. Déi nächst Deeg sinn ideal fir eppes ze riskéieren.

Steebock

Duck Sauce, A-Trak, Armand Van Helden - Captain Duck

Et geet net duer just ze quaken. Leeschtung brénge steet dëst Woch um Programm.

Waassermann

Jubel feat. Neimy - Dancing In The Moonlight

Heiansdo hëlleft et schonn sech ze leeën an un näischt ze denken. Huelt déi Rou no déi iech feelt.

Fësch

Camelphat & Elderbrook - Cola

Dréint op. Heiansdo muss een och mol Drock ofloossen.