D'Mariah Carey an d'Taylor Swift zielen zu de geféierlechste Promien 2020. Dat geet aus dem Klassement vun der Firma McAfee ervir.

Dat heescht net, dass Stare wéi Mariah Carey an Taylor Swift riskéieren, aner Leit ze verletzen oder ëmzebréngen. Et geet villméi bei dësem Klassement em Promie bei deenen ee riskéiert sech e Virus op säi Computer ze huelen, wann een online no hinne sicht. Déi amerikanesch Anti-Virus-Software-Firma McAfee huet elo an deem Sënn eng Lëscht eraus bruecht. Geféierlechst Berüümtheet 2020 ass dem Klassement no d’Actrice Anna Kendrick, bekannt ënner anerem duerch Filmer wéi "Pitch Perfect" oder elo méi rezent "Trolls World Tour".

Nieft Acteure maachen d’Museker dee gréissten Deel vun deene geféierlechste Berüümtheeten aus - mat gläich 5 Museker an den Top 10. Dorënner ass de Rapper, Songwriter a Produzent Sean Combs alias P Diddy, d'Mariah Carey, d'Taylor Swift, den Justin Timberlake an den Jason Derulo. Alles Artisten, déi an de leschte Méint fir Neiegkeete gesuergt hunn, sief et mat engem neie Buch wéi d’Mariah Carey, een iwwerraschenden Albumrelease wéi Taylor Swift oder dem Jason Derulo säi massive Succès op TikTok.

Wéi d’Firma McAfee betount, hunn d’User am Lockdown méi wéi soss am Internet no Entertainment-News gesicht. Dat notze Cyberkrimineller aus, andeem si d‘User mat exklusivem Contenu iwwert d’Stare lackelen, hinnen dann awer e Virus op de Computer setzen. Fir d’User ass et deemno extrem wichteg, sech digital ze schützen an zweemol z’iwwerleeën, ier een op eppes klickt.

© McAfee