De prakteschen Apparat ass net méi aus der Kichen ewech ze denken - a feiert dës Woch Gebuertsdag.

Déi eng brauchen et net, déi aner fannen den Apparat immens praktesch a fir nach anerer ass et e Must-Have: d'Mikrowell. Soll et mol séier goen, hu mer bannent wéinege Minutten eng waarm Moolzecht virun eis stoen. Esou praktesch d'Alternativ zum Uewen an der Kachplack ass, esou kuriéis ass d'Geschicht hannendrun, wéi d'Mikrowell de Wee an eisen Alldag respektiv eis Kiche fonnt huet.

Zoufälleg huet den Ingenieur Percy LeBaron Spencer am Joer 1945 gemierkt, datt Schockela a senger Täsch bei Experimenter mat Radarsystemer, déi am Krich an den Asaz sollte kommen, duerch elektromagnetesch Welle geschmolt ass. Duerno si mat engem Magnetron Tester mat Maiskären an engem Ee gemaach ginn – aus eegener Erfarung kënnt der iech virstellen, wat d'Resultat hei war.

Et sollt d'Revolutioun an der Kichen alauden. Den Ingenieur war begeeschtert an huet d'Patent den 8. Oktober 1945 ugemellt. Enn vun de 40er Jore sinn déi éischt Apparater op de Marché komm an haten hire Präis: Et huet een e puer Dausend Euro missten op den Dësch leeën. Den éischten Apparat war also weder fir de klenge Portmonni geduecht, nach immens praktesch, gouf dofir u gréisser Firme verkaf.

D'Mikrowell war 1 Meter 80 grouss an e puer Honnert Kilo schwéier. Fir d'Kichen doheem war et soumat eigentlech net geduecht, d'Iddi war, datt d'Kache méi séier sollt goen: Aplaz stonnelaang virun der Kachplack ze stoen, wollt een, dass d'Leit déifgekillte Produiten an den Apparat leeën a bannent e puer Minutten iessbar sinn. Fir seng Entdeckung krut de Spencer iwwregens 2 Dollar.