Jidderee notzt op d'mannst eng Plattform. Ma vill Leit sinn op méi wéi enger vertrueden. Elo kann ee sech natierlech froen, wat gëtt am meeschte genotzt?

Lauschtert eran

Se si mëttlerweil ee grousse Bestanddeel vun eisem Liewen an zwar déi sozial Medien. Jidderee kann, wann e wëll, sech do en Account maachen, seng Kolleegen Adden a Fotoe posten. Et géing ee mengen, dass Facebook an Instagram hei déi meescht genotzte sinn, ma dat stëmmt allerdéngs net ganz.

Op statista.com kann ee sech déi offiziell Zuelen ukucken, déi am Juli 2020 publizéiert gi sinn. TikTok läit dobäi op der Plaz 7 mat 800 Milliounen Notzer Weltwäit. Direkt do virdrun op der Plaz 6 kënnt da schonn Instagram, ganzer 1 Milliard an 82 Milliounen.

Ganz speziell ass déi 5. Placéierung. Do huet sech nämlech den Chatdéngscht WeChat néier gelooss mat enger Milliard an 203 Millioune User.

Esou richteg interessant gëtt et awer an den Top 4. Do hu mer aktuell de Facebook Messanger mat 1 Milliard an 300 Millioune Persoune déi d'Plattform notzen. Da kënnt Whatsapp mat 2 Milliarden an dat zesumme mat der Videoplattform Youtube, déi jo och eng form vu soziale Medien duerstellt.

Op der éischter Plaz hu mer a wie wonnert et, Facebook. Stolz 2 Milliarden a 600 Millioune User si Weltwäit reegelméisseg op der Plattform ënnerwee.

Et gesäit also fir Zukunft héchstwarscheinlech esou aus wéi wa Facebook do d'Nues fir huet an och nach eng laang Zäit op der eent wär bleiwen. TikTok ass do e Programm dee sech lues a lues ëmmer méi Richtung Spëtzt kämpft.