Morning Show, Gudde Moien, Mëtteg & de labbere Feierowend stelle sech hiren Ängschten...

Um 8. Oktober 2020 feiere mir um Eldo den Dag op deem ee sech senger Angscht stelle soll a genee dat hunn eis Teams vun de verschiddene Sendunge gemaach.

Am Virfeld ass den Eldo-Dani duerch d'Redaktioun gelaf an huet de Leit op den Zannt gefillt wat d'Crew am meeschte fäert.

Beim Andy a beim Cynthia an der Morning Show sinn et d'Héichten, déi Respekt ausléisen a genee dowéinst goufe si op de 15. Stack vum Gebai geschéckt. Normalerweis kënnt do keen erop, ma den Dani huet seng Connections spille gelooss an huet déi 2 iwwert d'Leeder erop guidéiert. Ganz egal war et hinnen net a si wollten nees séier erof. Ma d'Challenge hu se bestanen!

© Eldoradio

Lauschtert eran!

D'Catherine an de Max aus dem Gudde Moien, Mëtteg deelen eng grouss Angscht: Spannen. De Max huet en Heede Respekt virun den Déiere mat den 8 Been, eist Chaos Cat géif souguer behaapten Panik wär dat richtegt Wuert wann et un d'Krabbeldéiere géif denken. Ma an der Sendung gouf net just dru geduecht, de Gast hat direkt e grousst Exemplar dobäi: Eng Vullespann! An dat net just fir schéin ze maachen, hier Challenge war et d'Charlotte (esou heescht dat flauschegt Déier) op d'Hand ze huelen. Béid hu geziddert, ma och hei gouf assuréiert an esou schlëmm war et dach guer net... oder?

Och beim Sarah aus dem labbere Feierowend ass den Dani bei den Déiere bliwwen, och wann eist Sarah e groussen Déierefrënd ass: Bei Schlaangen hält de Spaass op! Ma genee dat war seng Challenge: Eng Schlaang an de Grapp huelen a soe mer esou et huet seng Angscht iwwerwonnen, wann och ënner Tréinen.

© Eldoradio

Vu bausse villäicht net grad esou opbruecht mee ënnerlech hat de Chris och mat sech ze kämpfe well och hien huet Angscht virun Héichten, dat souguer nach méi wéi den Andy an d'Cynthia. An esou huet et och den 2. Deel aus dem labbere Feierowend op de 15. Stack gezunn oder besser gesot den Dani huet en dohi geschleeft. D'Pompel ass gaangen an d'Häerz huet séier geklappt, ma och de labbere Feierowend huet all seng Challenges gepackt.

© Eldoradio

Iwwregens huet och de Mastermind hannert den Aktioune missen dru gleewen an huet d'Spann op d'Hand geholl, och wa vill protestéiert gouf.

Lauschtert hei de Recap vun der Sendung:

Lauschtert eran

E ganz normalen Donneschdeg um Eldo eben.