Dat huet de Schlagerstar selwer op Instagram annoncéiert, an dat mat ganz skurrile Grënn...

Den däitsche Schlagerstar Michael Wendler huet an de leschten Deeg fir Schlagzeile gesuergt. Well hien ouni Bescheed ze soen, an d'USA gereest ass, an duerno de Fliger verpasst huet, an och a Corona-Quarantän muss, huet hien d'Opzeechnunge fir de Recall bei DSDS verpasst.

Doropshi sot de Pop-Titan Dieter Bohlen an engem RTL-Interview dass hien sech schonn erwaart huet, datt de Schlagerstar Problemer mécht, an dass d'Jury am schlëmmste Fall och zu 3 kéint weider maachen.

Elo huet de Michael Wendler op Instagram iwwerraschend annoncéiert, dass hien d'Jury verléisst. Et wier seng eegen Entscheedung gewiescht, net déi vun RTL.

Als Begrënnung sot de Schlagerstar, dass hien "der Bundesregierung bezüglech der presuméierter Corona-Pandemie an de Mesurë schwéier Verstéiss géint d'Verfassung an d'Grondgesetz" virgeheit. Dat géif hien net eleng maachen. Weider sot hien "dass vill Tëleessenderen sech schëlleg géinge maachen a politesch gesteiert wieren".

RTL huet da scho reagéiert a sot, dass sech de Sender vun den Aussoe vum Michael Wendler distanzéiert. Och eng grouss Supermarchéschaîne déi eréischt viru kuerzem ee Spot mam Wendler publizéiert huet, distanzéiert sech an huet dëse well geläscht.

Och den Dieter Bohlen huet op dës Noriicht reagéiert a sot dat heiten:

An enger Tëleessendung huet sech dem Michael Wendler säi Manager en Donneschdeg den Owend geschockt gewisen. Sou eppes hätt sech awer schonn ugedeit. Virdrun 3 Wochen hätt hie gemierkt, dass de Wendler ëmmer méi krass gi wier mat senge Corona-Aussoen. Sou soll hie Mataarbechter beim Dréi fir de Supermarchés-Spot opgefuerdert hunn, d'Masken auszegoen, a sot dass Corona eng grouss Lige wier. Fir de Manager wier de Wendler krank, richteg krank. Hien hätt him um Telefon gesot, dass hien ni méi zeréck an Däitschland kënnt, mee an den USA bleift. Hie sollt och auswanderen, well Däitschland géif et an engem Joer net méi ginn, esou de Wendler géintiwwer sengem Manager.