Wat op der Tëlee nach richteg gutt leeft sinn Dating-, Trash- ma virun allem Castingshows.

Lauschtert eran!

Et ass näischt Neies, kënnt zënter Joren awer richteg gutt un a begeeschtert d'Leit ronderëm d'Welt: Casting Shows. Sief et sangen, danzen, modelen oder e besonnescht – vläicht och skurrilt – Talent hunn, et ass dat Tëleesformat, vun deem et eng Dose Versioune ginn. Wisou dat esou ass? Ganz einfach: Et ass fir all Mënsch. Jidderee ka sech beweisen an iwwerzeegen, datt en eppes drop huet.

Kandidate melle sech fräiwëlleg, fir net just d'Jury, mee och engem Milliounepublikum ze weisen, datt si dat sinn, wat d'Welt sicht. Eng ganz Industrie lieft vun den Dreem a Wënsch vun dëse Persounen, a wie kann et hinne veriwwelen? Et ass dat, wat mat de Succès ausmécht: Eraus aus dem gewinnten Ëmfeld, eppes Neies probéieren, Courage hunn a fir vill Leit och populär ze ginn.

Et ass eng Chance, aus dem tristen Alldag erauszekommen. An dat reflektéiert d'Ideologie, déi vun de Participante gelieft gëtt. Jidderee kann e Star a berühmt ginn. Als Zuschauer kann ee sech séier identifizéieren. Grad Jonker loosse sech beaflossen an et ass eng gewënschten Ofwiesslung, déi souguer op déi eegen Identitéit en Impakt kann hunn an eben op dat, wat een an Zukunft wëll.

Esou eng Erausfuerderung sichen der vill. Et ass awer net just dat, mee alles ronderëm: Streidereien, Stress, eng Achterbunn vun de Gefiller, déi ee mat erlieft, ënnerhält natierlech. Wann d'Format esou opgebaut ass, dass ee selwer fir säi Liblingskandidat kann uruffen, rabbelt net just d'Kees vun der Sendung, mee selwer féiwert een nach méi mat: Et decidéiert ee, wie säin Dram erfëllen dierf.