Zu Bréissel goufen d'Coronamesure verschäerft. Mir wollte vu Lëtzebuerger Studenten dohanne wëssen, wéi si dat empfannen an hunn nogefrot.

Wéinst den héije Corona-Infektionszuele goufen dës Woch zu Bréissel méi streng Coronamesuren decidéiert. Sou sinn ënner anerem Baren a Caféen elo 1 Mount laang zou, och Festsäll mussen hier  d’Dieren zouloossen an den Alkohokonsum an der Ëffentlechkeet ass verbueden. Restaurante kënnen dogéint ënner strengen Oploen ophunn.

Mir hu mam President vum Lëtzebuerger Studentecercle CELB geschwat an hunn hie gefrot, wéi hien an déi aner Studenten déi aktuell Situatioun zu Bréissel empfannen, a wat de Cercle mécht, fir awer nach mateneen ze interagéieren.

Lauschtert hei d'Reportage:

D’Stëmmung zu Bréissel wier gréisstendeels nach gutt, och wann een nees dat d’selwecht Gefill hätt, wéi am Ufank vun der Pandemie am Mäerz. Elo wéisst een awer wéinstens wou een dru wier, a mat wat ee plusminus rechne muss, esou de Gil Mancini President vum Lëtzebuerger Studentecercle CELB zu Bréissel.

D’Studenteliewe géif deemno nees an d’Stocke kommen, an et misst een sech nees méi op Online-Coursen astellen. Mee wat vill méi stéiere géing, wier virun allem d’Fermeture vun de Caféen a Baren.

De Gil Mancini: "Wann ee vu Caféë schwätzt, da schwätzt een och vun allgemenge Plaze wou een sech treffe kann als Student, dat heescht et kann een sech owes net einfach sou spontan gesinn."

Och de Studentecercle huet virdrunner, a muss elo nees op Events verzichte wou een sech perséinlech zu méi gesäit. Ma do huet een sech awer eppes afale gelooss. Sou huet een ënner anerem den neie Studenten zu Bréissel, mee och deenen, déi scho mi laang do sinn, ee Cajot Fräibéier laanscht bruecht, an et huet een e bësse mat hinne geschwat.

De Gil Mancini: "Mir wäerten och deemnächst nach eng Kéier ee Quizowend, warscheinlech virtuell maachen. An et kommen nach e puer Ideeën op eis zou déi nach net ausgeschafft sinn, wéi ee virtuelle Rallye."

D’Unisliewen ass och ageschränkt, well déi meescht Coursë lo wuel nees online wäerte sinn. Sech do ze motivéieren drun deel ze huelen, ass awer net ëmmer sou einfach, seet de Gil Mancini:

"... well nach méi op de Student ofgedréckt gëtt eigentlech, et ass elo komplett eis Responsabilitéit eis och nach de Cours bäizebréngen... Leit déi schonn am drëtte Joer hei sinn, oder wësse wéi den Hues leeft,  déi kënnen dat handelen, mee Leit am éischte Joer brauchen awer méi Hëllef vun der Uni...", kritistéiert de President. Do géif een sech fir d'Studente méi Hëllef erhoffen.

De Comité géif duerch de Parrainage jiddefalls versichen den neie Studenten ze hëllefen, sech ze orientéieren mat de Coursen, wat een u sech wann een nei ass, mat deenen aneren Neien op der Uni mécht. Dat ass aktuell awer einfach net méiglech...