Déi eng kommen, déi aaner ginn. Ma déi richteg Frënn bleiwen.

Lauschtert eran

Einfach mol owes gemitterlech eleng doheem sëtzen ouni sech mat Kolleegen ze treffen, féiert heiansdo dozou, dass een als skurrillen Eenzelgänger ofgestempelt gëtt. Dat sinn allerdéngs just Uschëllegungen déi net ubruecht sinn.

Eng am British Journal of Psychology verëffentlecht Etüd ënnerstëtzt d'Ausso, dass esou Leit iwwerduerchschnëttlech intelligent sinn.

Gutt Frënn si wichteg, dorunner gëtt et keen Zweiwel. Generell kann ee se a 6 Frënschafts-Typen ënnerdeelen. Ma net all Mënsch huet e grousse Frëndeskrees. De Grond dofir hunn déi brittesch Evolutiouns-Psychologe Satoshi Kanazawa an Norman Li erausfonnt. Dofir hu si eng jett Leit zu dem Thema befrot.

D'Resultat ass nawell interessant. Intelligent Mënsche sinn net esou gär a Gesellschaft, well se sech op aner Saache konzentréieren. Fir esou Leit villt sech déi Zäit déi ee mat Frënn verbréngt, no verluerener Zäit un.

D'Fuerscher vun der Etüd ginn dovunner aus, dass Persounen déi vill a Gesellschaft sinn nach instinktiv d'Verhale vun eise virfueren. Deemools, wéi d'Mënschen nach a Gruppe gelieft hu fir zesummen op d'Juegd ze goen an an der Wildnis ëm d'Iwwerliewen ze kämpfen, war et wichteg vill sozial Kontakter ze hunn. Haut ass dat awer fir den Erhalt vun eiser Aart däitlech manner wichteg.

Intelligent Leit hu sech der Etüd no besser un dat modernt Liewen ugepasst a hunn d'Bedierfnis net vill Frëndschaften opzebauen. Eleng sinn déi Leit trotzdeem net. Wéi d'Etüd wäisst, hunn déi Mënsche manner Frënn, mee dofir méi intensiv Frëndschaften.