Wann dir un déi Mënschen denkt, déi dir als Frënn bezeechent - wéi vill Mënschen sinn dat?

10 bis 15 Mënschen zielen di meescht Leit zu hire Frënn, also Leit, op déi een an alle Liewenssituatiounen ziele kann. D’Besetzung ännert zwar am Laf vum Liewen, d’Zuel bleift awer iwwerraschend stabil.

Mat circa 150 Mënschen huet een an der Moyenne eng sozial Bezéiung déi op Vertrauen an géigesäiteger Ënnerstëtzung baséiert. Zu deene Leit zielen zum Beispill d‘Noperen an d‘Aarbechtskollegen.

Setzt d’Gehier eis eng Limitt fir Bezéiungen?

D’Zuel vun de Mënschen déi an eisem Liewen opdauchen, ass zwar individuell verschidden. Wat d’Fuerschung awer sécher weess; d’Capacitéit fir Bezéiungen ze féieren, ass limitéiert. Iergendwann stéisst d’Gehier u seng Grenzen. Et kann een d’Gesiichter vläicht nach erëm erkennen, sech awer kaum nach en Numm mierken.

Fuerscher hunn eraus fonnt, dass d’Zuel vun de soziale Kontakter mat der Gehirgréisst zesummen hänkt. Fir genee ze sinn, wier et den Neocortex deen dofir suergt, dass een mat anere Leit interagéieren, an sech u si ze erënnere kann. De Mënsch huet am Verglach zu alle Primaten dee gréissten Neocortex an domat di gréisst Capacitéit fir vill Bezéiungen.

Bezéiunge kaschten Zäit

Nieft der Capacitéit vum Gehier spillt natierlech och d‘Zäit eng Roll. Well Bezéiungen ze fleegen, dat dauert. Zesummen eppes drénke goen, telefonéieren, e gemeinsamen Ausfluch - fir all dat huet ee just limitéiert Plaz am Liewen.

Kontakter iwwer sozial Medien um Liewen erhalen

Facebook, Instagram, Twitter an TikTok - net seele kënnt et fir, dass Privatpersounen em 500 Frënn oder Follower an de soziale Medien hunn. Fuerscher hunn awer eraus fonnt, dass User maximum 200 virtuell Kontakter oprecht erhalen.  Deemno wierkt di mental Grenz wéi et ausgesäit och online.  Eppes ass awer opgefall: Du meescht sozial Bezéiungen hunn déi leit déi vill Zäit online verbréngen.