Dëse Samschdeg ass de politeschen Dag vum Lëtzebuerger Studentevertrieder. Wien net op de Belval ka goen, kann den Austausch iwwer Livestream suivéieren.

"Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?" - ënnert deem Motto gëtt e politeschen Dag vum Lëtzebuerger Studentevertrieder organiséiert. Mat dobäi si verschidde Personnagen aus der Politik, sou de Claude Meisch, de Charel Goerens, de Nicolas Schmit, d'Viviane Reding an d'Karin Basenach. Den ACEL-President Sven Bettendorf diskutéiert och mat.

Mam politeschen Dag wëll een dem Dialog tëscht Studenten a Politik nees eng grouss Bühn bidden an de Studenten erméiglechen hir Froen, Problemer a Suerge matzedeelen. Bei den Invitéeën aus der Politik huet een näischt dem Zoufall iwwerlooss. Et solle Leit sinn, déi sech mat der Politik an Europa auskennen an hiert Wësse bäisteiere kënnen.

De Livestream gëtt et vu 14 Auer un hei:

Och wann et an éischter Linn ëm d'Studente geet, ass et der ACEL - de Studentevertrieder wichteg, datt jiddereen dëse Samschdeg beim politeschen Austausch wëllkomm ass. 👇

Gepostet von Eldoradio am Mittwoch, 7. Oktober 2020