Wien es sat huet ëmmer just vun doheem aus ze schaffen, dee kann elo de Pub a säin Büro transforméieren.

Et gi wéineg Saachen déi esou authentesch brittesch sinn ewéi e Pub. Mee d’Coronakris setzt de Pubs hei a Groussbritannien schwéier zou. Net nëmmen ginn mëttlerweil wesentlech manner Leit einfach mol esou een drénken wéi dat vläicht nach virun engem Joer de Fall war, mee och mussen d’Pubs hei am Moment prompt um 10 Auer Owes hier Dieren zou maachen. Natierlech ass dat net gutt fir d’Geschäft an dohier bidde vill Pubs a Groussbritannien elo en neien Service un fir den Ëmsaz ze steigeren. Wee well, kann e Pub elo fir een Dag zu sengem perséinleche Büro maachen.

Lauschtert hei de Reportage:

Hei a Groussbritannien sinn d’Leit nach ëmmer opgefuerdert wann nëmme méiglech Teletravail ze maachen. Mee ëmmer just doheem ze setzen fir ze schaffen gëtt op Dauer langweileg. Dohier ass den Undrang fir am Pub ze schaffen och grouss. Fir ronn 12 Euro kann een sech dann en Dësch am Pub fir de ganzen Dag lounen. Inclus ass dann och d’Mëttegiessen a Kaffi an Téi à volonté.

© pixabay.com

Besonnesch hei zu London ass dat manner wéi déi meeschte Leit soss am Dag fir hiert Mëttegiessen a Gedrenks ausginn. An dat prakteschst ass, wien dann de ganzen Dag iwwer gutt geschafft huet, deen kann sech dann direkt op der Plaz och nach e Pint zum Feierowend gënnen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter