Jee no Material weist de Coronavirus eng ënnerschiddlech Iwwerliewensdauer. Am Fall vun Handydisplays a Bankautomaten soll ee besonnesch gutt oppassen.

D'Etüd vun der australescher Wëssenschaftsautoritéit "Csiro" beseet, dass de Coronavirus bis zu 28 Deeg op glaten Uewerfläche wéi Handydisplays, Bankautomaten a Geldschäiner bleiwe kann. Dës Etüd gouf am Magasin "Virology Journal" publizéiert.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

De Coronavirus wier bei normaler Raumtemperatur vun 20 Grad däitlech méi robust, wéi dat bis ewell ugeholl gouf. E kéint bis zu 28 Deeg op glaten Uewerfläche wéi Handy-Displays oder Geldschäiner iwwerliewen.

D’Iwwerliewensdauer vum Virus wier allerdéngs staark vun den Temperaturverhältnisser ofhängeg, se geet erof, wann d’Temperatur klëmmt. Bei 30 Grad géing d’Liewensdauer deemno bei 7 Deeg leien, bei 40 Grad just nach 24 Stonnen.

Bei aneren Etüden hätt de Virus nëmme bis zu 3 Deeg laang op Plastik an Inox-Uewerflächen nogewise kënne ginn, heescht et weider am Rapport.

D’Experimenter vun dëser Etüd goufen allerdéngs am Donkelen duerchgeféiert, dat heescht ouni UV-Liicht. Sonneliicht kéint de Virus séier verschwanne loossen, schreiwen d’Fuerscher.

Verschidde Fuerscher kritiséieren d’Hypothees, dass de Virus 28 Deeg laang op Uewerflächen iwwerliewe kéint. Dat géing onnéideg Angscht an der Ëffentlechkeet verbreeden, esou heescht et.

D’Monica Gandhi, Professer fir Medezin op der Uni vu Kalifornien seet zum Beispill, dass déi geleefegst Form vun der Virus-Ausbreedung net an der Beréierung vun Uewerfläche läit, mee si kënnt doduerch zustanen, dass een an der Géigend vun enger Persoun ass, déi de Virus aus der Nues an dem Mond ausstéisst, an de meeschte Fäll ouni ze wëssen, dass se dat mécht.