Eng Zuel mat enger 1 an 100 Nullen gëtt als ''googol'' bezeechent, also d'Haaptiddi hannert ''Google''. Kreativ Nimm vu Marke ginn et der eng jett.

Lauschtert eran

Sony

Eventuell sëtzt een doheem virun der Tele an et stellt ee sech keng gréisser Fro wisou ënnert dem Display Sony steet.

Wéi d'Mark 1946 vum Morita a Madaru Ibuka gegrënnt gouf, wollten d'Erfinder virun allem d'Wuert ''Klang'' an de Fokus setzen. Dobäi eraus komm ass eng Kombinatioun tëscht dem latäinesche Wuert ''Sonus'', wat fir ''Klang'' steet an dem Wuert ''Sonny Boy''. An den 1950er Joren war dat eng gängeg Bezeechnung fir ee cleveren a sozialen asiatesche Mann. Zesummegesat kënnt dobäi Sony eraus.

Lego

Ma och an der Kandheet ass ee mat ville grousse Marken a Verbindung bruecht gi wéi zum Beispill Lego. Vill kleng Steng déi et esouguer zu engem Fräizäitpark bruecht hunn an dat mat iwwer 55 Millioune verbaute Steng. Ma wéi ass Lego eigentlech entstanen? Den däneschen Erfinder Ole Kirk huet hei och nees 2 Wieder matenee kombinéiert. ''Spill gutt'' heescht nämlech op Dänesch ''leg godt''. An der kuerzer Form ass esou eben Lego entstanen.

Pepsi

Vum Digitalen an de Kannerspillsaachen gi mer eriwwer an de Beräich vum Gedrénks. Do hu mer zum Beispill Pepsi. De Kapp hannert der Mark war den Caleb Bradham. Dëse war esou dovunner iwwerzeegt, dass säi Gedrénks esouguer Verdauungsfërderent a gesond wär, dass en aus dem Numm ''Brad's Drink'', 1898 decidéiert dësen ze changéieren. Ugeleent un d'Verdauungsstéierung ''dyspepsia'' ass dunn Pepsi aus der Mark ginn.

Amazon

An och de Jeff Bezos hat e gudde Grond fir seng Firma Amazon ze nennen. Hie wollt onbedéngt, dass den Numm mat engem ''A'' ugeet. D'Ziel war hei, dass seng Firma an alphabetesche Lëschte wäit uewen ze fannen ass. Dobäi kënnt nach de Gedanken un deen zweet gréisste Floss vun der Welt Amazonas a schonn hat de Jeff den Numm vun engem Milliardegeschäft.