Déi traditionell Foire de l'étudiant fält net an d'Waasser, mee gëtt digital organiséiert. Mir hu mer ACEL an der Jonk BAD ASBL geschwat.

Lauschtert hei de komplette Reportage!

Alles ass anescht, esou och d'Organisatioun, déi esou en Evenement op digitalem Niveau mat sech bréngt. D'Anne Manternach ass Presidentin vun der Jonk BAD ASBL, der Associatioun vun de Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an der Dokumentatioun an de Studentencercel ass och mat engem digitale Stand bei der Studentefoire mat dobäi. Well alles annuléiert huet misste ginn, hofft d'Anne dass aus der digitaler Foire e Virdeel kann entsoen, fir esou un interesséiert Schüler ze kommen an op hir Froen ze äntweren. Ma wat ass déi Jonk BAD?

D'Anne Manternach vun der Jonk BAD

Et ginn also immens vill Méiglechkeeten, fir spéider an deem Beräich och aktiv ze sinn. Genee dat wëll een de Jonken op der Foire méi no bréngen. Den Nodeel gesäit d'Anne doranner, dass een esou keen direkte Kontakt mat de Leit huet, ma en ageriichte Live-Chat soll hëllefen, de Schüler all néideg Informatiounen ze ginn, esou d'Anne Manternach weider. Hei ass ëmmer ee via Live-Chat disponibel.

D'Anne Manternach vun der Jonk BAD
D'Anne Manternach vun der Jonk BAD

Dir kënnt iech zu all Moment beim Studentecercel vun der Jonk BAD mellen:
via Mailinfo@jonkbad.lu
via FacebookJonk BAD
via Instagramjonkbad

Eis nei Präsidentin: Ech sinn d'Anne a war lo di lescht 2 Joer als Sekretärin bei der Jonk BAD aktiv. Ech gehéieren zu...

Gepostet von Jonk BAD am Dienstag, 29. September 2020

Natierlech ass och d'ACEL virtuell vertrueden

Wéi d'Anne Manternach ass och d'Vizepresidentin vun der Informatioun bei der ACEL Christelle May iwwerzeegt, dass et déi bescht Optioun war, d'Studentefoire trotzdeem z'organiséieren. Dës ass den 12. an 13. November, scho virdrun den 9. November ass de Site online, op deem ee sech am Virfeld déi eenzel Stänn genee ukucken, Informatioune sammelen an auswiele kann, wat ee vu wiem wëll wëssen.

D'Christelle May vun der ACEL

Am Virfeld kann ee sech bei de Cerclë mellen an e Rendezvous ausmaachen, wéini ee mat hinne chatte wëll. Natierlech geet dat awer och ganz spontan an et ass och geplangt e Videochat anzeriichten, datt ee säi Géigeniwwer gesi kann. Aktuell gëtt nach un der Plattform geschafft. Esou bal de Site fäerdeg ass, gëtt dat kommunziéiert. De Link gëtt vum CEDIES opgesat a verëffentlecht.

D'Christelle May vun der ACEL

Ma elo schonn sinn d'Studentecercelen am gaangen, hire virtuelle Stand ze fënnen, all d'Informatiounen zesummen ze droen an dat Ganzt prett fir d'Foire ze maachen. Et gesäit een och um Site selwer, wie grad virtuell op deem Stand ass an zur Verfügung steet, fir ze chatten. Et ass eng aner Foire wéi déi Jore virdrun, vu Säite vun der Jonk BAD, grad wéi vum Lëtzebuerger Studentevertrieder hofft een op e Succès.

D'Christelle May vun der ACEL