D'Meenunge ginn ausernee ma ee Wochendag suergt fir besonnesch vill Mimimi...

Den Charlie Chaplin géif soen "All Dag op deem een net laacht ass e verluerenen Dag" mee ganz éierlech et ginn och einfach Deeg do kann ee grinsen esou vill ee wëll se sinn zum scheitere verurteelt. Ech wollt wëssen, viru wéi engen Deeg muss ee sech eigentlech ganz besonnesch an Uecht huelen. D'Eldo-Redaktioun war sech net eens, déi eng soe méindes, di aner schwieren drop, dass de Sonndeg den eigentleche Fiesling ass.

De Cliché beseet natierlech, dass de Méindeg de schlëmmsten Dag vun der Woch ass, an net just deen och d'Musek weist dorop hin dass den Ufank et ëmmer am schwéiersten huet. Ma de Méindeg ass éierlech a litt eis net un, jo et ass schwéier méindes moies an d'Gäng ze komme mee mir wësse wat op eis zoukënnt - dat mécht den Dag zwar net gutt, ma en huet och ni behaapt, datt en dat wéilt ginn. E kann eis also quasi net enttäuschen a just iwwerraschen.

Den Dënschdeg ass d'Nostalgie vum Weekend definitiv eriwwer, déi nächst fräi Deeg awer gefillt nach net méi no. Et kéint een also argumentéieren dass den Dënschdeg de wierkleche Méindeg ass. Ma iergendwéi hält e sech zesumme mam Donneschdeg am Hannergrond, se kënnen zwar nerve ma esou richteg stéiere maache se och net.

Dann hu mer do de Mëttwoch, deen Dag, deen US-Fuerscher no de schlëmmsten Dag ass. 4 Joer laang goufen 2.4 Millioune Posts analyséiert an esou gouf erausfonnt dass sech iwwert d'Mëtt vun der Woch am dacksten negativ geäussert gouf, wou higéingt de Sonndeg am beschten an dëser Etüd ewechkënnt.

Am Endeffekt kënne mer wuel doru festhalen, dass et net systematesch um Dag mee un der perséinlecher Astellung an deels einfach um Zoufall läit.

Maacht einfach dat Bescht draus, denkt positiv an och wa mol eppes schif leeft, egal, da gëtt den Dag duerno ob dat e Méindeg, Dënschdeg, Mëttwoch, Donneschden, Freideg, Samschdeg oder Sonndeg ass ëmmerhi besser.